Chrëschtmusek uechter d'Welt

Manuel Ribeiro

Hellegowend loosse mir beswingt auskléngen a proposéieren Iech eng musikalesch Rees duerch verschidde Genren, mam Fokus op Chrëschtdag. Genrë gi vermëscht, de Sujet bleift awer feierlech.

Chrëschtmelodien original oder op ganz divers Manéier arrangéiert, an dat a verschiddene Sproochen. Chrëschtlidder si während Joerhonnerte schonn ëmmer eng Inspiratiounsquell fir divers Museker gewiescht. 

An deene nächsten zwou Stonne proposéiert de Manuel Ribeiro bekannte Melodië passend zu Hellegowend mat Pink Martini, New York Voices, Michael Bublé, Cambridge Singers, King's Singers, Die Prinzen, Brassens, Chris Isaak an nach Anerer.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen