De Kale Krich zu Lëtzebuerg

Am Kader vun der Ausstellung iwwert de Kale Krich zu Lëtzebuerg am MNHA proposéiert de radio 100,7 eng 6-deeleg Serie iwwert déi verschidden Aspekter vun dëser Period, déi hei vun 1947 bis 1991 datéiert ass. Vu Kuriositéite wéi den DDR-Kachbicher, déi eng Zäit laang zu Lëtzebuerg gedréckt goufen, iwwert d’Vandaliséierung vun der sowjetescher Ambassade zu Beggen, bis zu de ganz eeschte Reforger-Manöveren an den 80er Joren, weist d’Ausstellung am Nationalmusée e Panoptikum vun Accessoiren an Dokumenter, déi eng politesch Situatioun beleeën, déi sech nom Mauerfall geléist huet. Eng Serie vum Christian Mosar an Zesummenaarbecht mam MNHA.

Members of the 1st Battalion, 28th Infantry Division, receive food served by Luxembourg Army Reservists.  The men have just arrived aboard a C-141 Starlifter aircraft and are en route to Karlsruhe, West Germany, to participate in REFORGER '82.

Vun den Awacs Fligeren bis zu de Reforger-Manövere war Lëtzebuerg an den 80er Joren e wichtegen Deel vun der US- an Nato Krichsstrategie. Vill gouf nees un d’Méiglechkeet vun engem Kale Krich geduecht, deen op eng Kéier waarm kéint ginn. Eng Serie vum Christian Mosar.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • D’80er Joren

    1982: REFORGER Manöver an AWACS Fliger

  • Geheimdéngschter an Angscht virum Atomkrich

    Vu verstoppten Tounbänner an doudege Bréifkëschte geet an der Expo am Musée um Fëschmaart Rieds, mä och vun der Bedroung vun engem atomare Schlag.

  • Diplomatie als Léisung?

    De René Blum war deen éischte Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau.

  • Opstand zu Beggen

    Am November 1956 sinn d’sowjetesch Panzer an Ungarn eragefuer an zu Beggen an der Sowjetescher Ambassade wollten se feieren. 

  • D'Arméi an de Koreakrich

    Am Fall vun engem Krich wiere mir verflicht gewiescht, matzemaachen. 1951 ass dat am Fall vum Korea Krich fir 89 Lëtzebuerger Fräiwëlleger Eescht ginn.

  • Vun der Union Nationale bis zum American Way of Life?

    No de Wahle vun Oktober 1945 krut Lëtzebuerg eng Regierung vun der Nationalunioun, an där all d’Parteie vertruede waren.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen