Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Dem Brian Eno seng Carrière ass als Deel vum Bryan Ferry sengem Roxy Music ugaangen. Hie war awer net laang beim Glam Rock Outfit dobäi, éier hie 1974 seng Solo-Carrière lancéiert huet. Dat Joer huet hien net eng, mee direkt zwou Placken erausbruecht. "Here Come The Warm Jets" gouf am Januar verëffentlecht. Eng experimentell Studio Pop Produktioun. Déi zweet "Taking Tiger Mountain (By Strategy)" koum am November eraus, déi genee, wann net esouguer méi bizarr Momenter opweist. Den Jamie Reinert huet eragelauschtert.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Survival - Bob Marley

    Net säi meeschtverkaafsten Album, dofir awer dee politeschste, mat enormen Afloss op all déi, déi Fräiheet an Onofhängegkeet gesicht hunn. 

  • Toto IV - Toto

    Bëlleche Mainstream oder awer Qualitéit? 

  • The Kick Inside - Kate Bush

    "Wuthering Heights" an d'Ufäng vun enger vun deenen éischte wierkleche britesche Songwriterinnen

  • IV - Led Zeppelin

    Page a Plant viru Geriicht: Plagiatsvirwërf a "Stairway To Heaven". E Grond méi den Album "IV" nach emol ze beliichten.

  • Unplugged - Eric Clapton

    MTV setzt uganks den 90er en neien Trend: Kënschtler spillen en akustesche Set (unplugged, ouni Stroum). De Clapton mécht mat a raumt of.

  • Misplaced Childhood - Marillion

    Den drëtte Studioalbum vu Marillion am Joer 1985 mat engem Konzept vum Sänger Fish

  • The Freewheelin' Bob Dylan - Bob Dylan

    "Blowin In The Wind" ass dem Bob Dylan säi Megahit aus senger Ufankszäit - et sollt weltwäit e Protestsong par excellence ginn.

  • 4 - Foreigner

    Dee véierte Studioalbum vun der britesch-amerikanescher Rockband Foreigner am Joer 1981

  • Pearl - Janis Joplin

    E Liewen op der Iwwerhuelspuer: d'Amerikanerin Janis Joplin gouf just emol 27 Joer al. "Pearl" war hiren zweeten a leschte Solo-Album.

  • Fredericks Goldman Jones - Jean-Jacques Goldman, Carole Fredericks, Michael Jones

    E gelongenen Album, ganz variatiounsräich am Genre, mä och ganz engagéiert.

  • Steely Dan - Aja

    Mam Single-Hit "Do It Again" haten d'Amerikaner d'Lat héich geluecht. Mat "Aja" konfirméiere si, schaffen awer just nach als Studio-Band.

  • Blue - Joni Mitchell

    De véierte Studioalbum vun der kanadescher Sängerin a Songwriterin

  • Sgt. Pepper's Lonely Hearts Club Band - The Beatles

    Véier Grammy's, e Riesenopwand an der Produktioun, d'Faarwe vum summer of love, e Cover, deen, wéi den Album, Kult gëtt!

  • Perfect Strangers - Deep Purple

    "Knocking at your Back Door" a "Perfect Strangers" aus dësem Album sinn haut nach beléifte Live-Klassiker.

  • Revolver - The Beatles

    Den Album (1966) gëtt als éischt méi experimentellt Wierk vun de Fab Four bezeechent. Love, Peace ... an eng gutt Portioun Illegales si mat am Spill!

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen