Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

1977 - de Centre Pompidou mécht seng Dieren fir d'éischte Kéier op, den Elvis Presley spillt säi leschte Concert, an en exzentresche Londoner iwwerrascht d'Musekszeen mat enger loucher Mëschung aus Punk, Funk, Disco, Music Hall a vill, ganz vill Inuendo. Dem Ian Dury säin Album "New Boots and Panties!!". Presentéiert vum Jamie Reinert.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Bob Dylan - Time Out Of Mind

    No siwe Joer Komponéierpaus gëtt de Bob Dylan 1997 erëm en Album eraus. E gelongene Comeback, produzéiert vum Kanadier Daniel Lanois.

  • Ramones - Road To Ruin

    E Punkalbum feiert Gebuertsdag: d'US-Punker si viru genee 40 Joer mat e puer Akkorden an d'Charts komm.

  • Morphine - Cure for Pain

    D'Sich no engem Heelmëttel fir déi ënnerlech Péng féiert op Morphine hirem zweeten Album duerch ee Monochrom vu Bariton-Frequenzen.

  • Link Wray - Link Wray

    Eng rau Pärel vun 71 vum Erfinder vum Power Akkord, dee seng Roots Rock Säit zum Virschäi gëtt.

  • Stevie Ray Vaughan - Couldn't Stand the Weather

    De Gittarist vereent Blues a Rock, Eegekompositiounen a Friemes, dorënner eng Versioun vum Hendrix-Klassiker "Voodoo Child"

  • King Crimson - Red

    1974 kënnt King Crimson hire 7. Studioalbum, "Red" eraus, déi lescht Plack virun engem längeren Hiatus. D'Plack enthält mat den häertste Rock, deen d'Band je erausbruecht huet.

  • Billy Joel: Piano Man

    Deen zweete Studioalbum vum Singer, Songwriter a Pianist

  • Ornette Coleman - The Shape Of Jazz To Come

    Den zweeten Album vum amerikaneschen Jazz-Saxophonist (Oktober 1959), op deem et a Richtung free an Avantgarde geet ...

  • Lucinda Williams - Car Wheels on a Gravel Road

    Dësen Album (1998) vun der amerikanescher Songwriterin ass mat engem Grammy als Best Contemporary Folk Album belount ginn.

  • Batteaux - Batteaux

    E Folk-Funk Bijou aus dem Joer 1973 mat ville séisse maritimen Tonalitéiten.

  • With A Little Help From My Friends

    Wuel ass dem Joe Cocker säin Debut-Album erréicht 1969 publizéiert ginn, et ass awer eng 68er Produktioun ... an dat héiert een!

  • Westcoast, 1968

    D'USA hunn nach ëmmer kulturell Zeeche gesat, virop am Rockberäich. D'Joer 1968 mécht do keng Ausnam ...

  • Michael Mantler: Jazz am Mee '68

    Dem gebiertege Wiener Komponist an Trompettist seng musikalesch Initiative ginn den Zäitgeescht vun 1968 beschtens erëm: et gëtt Neies an Onkonventionelles geschafen.

  • Mai '68 en chansons

    Lidder ronderëm de Mee '68 a Frankräich

  • The Necessaries - Event Horizon

    Eng New Wave Power Pop Pärel vun 82, op där den enigmateschen Arthur Russell matgewierkt huet.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen