Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.
Déjà Vu
Ian Dury - New Boots and Panties!!
1977 - de Centre Pompidou mécht seng Dieren fir d'éischte Kéier op, den Elvis Presley spillt säi leschte Concert, an en exzentresche Londoner iwwerrascht d'Musekszeen mat enger loucher Mëschung aus Punk, Funk, Disco, Music Hall a vill, ganz vill Inuendo. Dem Ian Dury säin Album "New Boots and Panties!!". Presentéiert vum Jamie Reinert.
Rezent Emissiounen
-
Duke Ellington & John Coltrane
Zwee vun deene aflossräichsten Jazz-Muséker vun allen Zäiten huelen am Joer 1962 zesummen ee wonnerbaren Album op. Bei deem Rezept ka bal näischt schief goen.
-
Let It Bleed - The Rolling Stones
Den Album vun de Stones vun Enn 1969: de Brian Jones geet, de Mick Taylor ass nei derbäi. Den Toun gëtt weider den Duo Jagger/Richards un.
-
The Rise and Fall of Ziggy Stardust and the Spiders from Mars
E Meeschterwierk vum David Bowie, dat am Juni 1972 erauskoum - eng Rees duerch den Universum vun engem Rockstar ...
-
Robert Plant - Fate Of Nations
De fréiere Led Zeppelin-Sänger erënnert op sengem 93er Solowierk just nach sporadesch un déi gutt al Rockerdeeg ...
-
Manfred Mann's Earthband - The Roaring Silence
'Blinded By The Light' war de Superhit um 1976er Release ... wou sech zolitt bei anere Museker inspiréiert guef.
-
Stan Getz and the Oscar Peterson Trio
Saxophon trëfft op Piano: den 1958er Album vum Amerikaner Stan Getz (1927 - 1991) dréit just de Numm vun den Interpreten, déi matmaachen.
-
Bruce Springsteen - The River
Dem Boss seng Duebel-LP aus dem Joer 1980 mat der E Street Band war déi éischt Nummer 1 an den USA fir den deemoleg 31jährege Museker.
-
Tubeway Army - Replicas
1979 huet de Gary Numan mat sengem zweeten Album de Synth-Pop un d'Spëtzt vun de briteschen Charts katapultéiert.
-
The Beatles - Abbey Road
Eng zerstridde Band geet ënner der Regie vum George Martin an de Studio - eng leschte Kéier. Den Album kënnt am September 1969 eraus.
-
Blondie - Parallel Lines
Pop trëfft op New Wave an Disco: eleng de Song "Heart Of Glass" mécht Blondie 1978 quasi iwwert Nuecht zu Superstaren.
-
Lee Clayton - Naked Child
En éiwege Geheimtipp aus dem Tennessee fir Frënn vum Songwriting aus dem Joer 1979
-
Kraftwerk - Computerwelt
1981 beschäftegt d'Band vun Düsseldorf sech scho mat Sujete wéi Big Data, Iwwerwaachung an online-Dating.
-
Weather Report - Heavy Weather
De kommerziell erfollegräichsten Album vun der Pionéierband em den Joe Zawinul hällt androcksvoll Kompositiounen a visionär Klangbiller bereet.
-
Paul Simon - Graceland
Den Album "Graceland" - dat si bis haut Apartheid-Kontroversen ëm de Paul Simon-Klassiker aus dem Joer 1986.
-
The Doors
Den Numm vum Debut-Album ass den Numm vun der Band: "The Doors" kënnt am Januar 1967 bei Elektra eraus.
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Key to Classics - Amerika entdeckt déi symphonesch Musek
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen