Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.
Déjà Vu
Ian Dury - New Boots and Panties!!
1977 - de Centre Pompidou mécht seng Dieren fir d'éischte Kéier op, den Elvis Presley spillt säi leschte Concert, an en exzentresche Londoner iwwerrascht d'Musekszeen mat enger loucher Mëschung aus Punk, Funk, Disco, Music Hall a vill, ganz vill Inuendo. Dem Ian Dury säin Album "New Boots and Panties!!". Presentéiert vum Jamie Reinert.
Rezent Emissiounen
-
Creedence Clearwater Revival - Cosmo's Factory
Dee meeschtverkaaften Album (1970) vum John Fogerty senger Band CCR ... mat Confirméiertem an e puer Iwwerraschungen
-
Grateful Dead - American Beauty
Déi kalifornesch Kultband ronderëm den Jerry Garcia mat engem 70er Studioalbum, deen d'Formatioun a Beschtform weist.
-
Debut (1993) - Björk
Deen Album, den déi exzentresch Islännerin der Welt bekannt gemaach huet, verbënnt Pop, Folk, Jazz a britesch EDM zu eppes - deemols - ganz Neiem.
-
Harvest - Neil Young
En Album aus dem Februar '72 mat ville Gäscht, ë.a. de London Symphony Orchestra an e Welthit fir de Kanadier mat "Heart Of Gold".
-
Daniel Lanois Special
Den exzentreschen an onverkennbare kanadesche Produzent musikalesch resuméiert.
-
Rebel Yell (1983) - Billy Idol
Dem Billy Idol säin zweete Longplayer Rebel Yell ass e regelrechten Iwwergang vum Punk an d'Pop Musek. En Opus, deen dem Idol den Duerchbroch garantéiert hat.
-
Speak no Evil - Wayne Shorter
E klengt Meeschterwierk aus dem Joer 1965 vum äusserst produktiven an afallsräiche Saxophonist Wayne Shorter.
-
Primus - Sailing the Seas of Cheese
Den zweeten Album vun där innovatiivster Rockband aus den 90er Joren ënnert der Lupp.
-
Eric Clapton - 461 Ocean Boulevard
De Comeback-Album vum' Mr. Slowhand' aus dem Joer 1974: no den Drogen steet d'Musek erëm am Mëttelpunkt vum Clapton sengem Liewen ...
-
Bryter Layter – Nick Drake
Dem englesche Folk Museker säi lëftege Konzept-Album vu 1971 mat Hëllef vum John Cale a Fairport Convention
-
Head Hunters - Herbie Hancock
E Manifest vum Fusion a gläichzäiteg Virleefer vum Funk. Dësen Album muss een einfach héieren a gespiert hunn!
-
Entre gris clair et gris foncé - JJ Goldman
Dee fënnefte Studioalbum vum Jean-Jacques Goldman, aus dem Joer 1987
-
The Last Waltz - The Band
De leschten Optrëtt vu Robbie Robertson a Co. zu San Francisco am Winterland Ballroom
-
Diesel and Dust - Midnight Oil
Releast am August 1987
-
Bitches Brew - Miles Davis
En Album, deen den Jazz-Rock an d'Liewe geruff huet: Ee ganz spezielle Meilesteen vum elektro-akusteschen Jazz.
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Key to Classics - Amerika entdeckt déi symphonesch Musek
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen