Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

D'Texanerin hannerléisst just e Grapp voll Produktiounen - déi awer hunn et a sech. Eppes verbënnt se alleguer: déi eemoleg Stëmm vun der Sängerin, déi am Oktober 1970 am Alter vu just emol 27 Joer stierft. De Kozmic Blues-Album, deen am September 69 erauskënnt, ass dee leschten, dee si zu Liefzäiten ophëlt.

 

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Charles Bradley Hommage

    E Bléck op dem "Screaming Eagle of Soul" säi leschten Album an en exklusive Concertsausschnëtt

  • Creedence Clearwater Revival - Cosmo's Factory

    Dee meeschtverkaaften Album (1970) vum John Fogerty senger Band CCR ... mat Confirméiertem an e puer Iwwerraschungen

  • Grateful Dead - American Beauty

    Déi kalifornesch Kultband ronderëm den Jerry Garcia mat engem 70er Studioalbum, deen d'Formatioun a Beschtform weist.

  • Debut (1993) - Björk

    Deen Album, den déi exzentresch Islännerin der Welt bekannt gemaach huet, verbënnt Pop, Folk, Jazz a britesch EDM zu eppes - deemols - ganz Neiem.

  • Harvest - Neil Young

    En Album aus dem Februar '72 mat ville Gäscht, ë.a. de London Symphony Orchestra an e Welthit fir de Kanadier mat "Heart Of Gold".

  • Daniel Lanois Special

    Den exzentreschen an onverkennbare kanadesche Produzent musikalesch resuméiert.

  • Rebel Yell (1983) - Billy Idol

    Dem Billy Idol säin zweete Longplayer Rebel Yell ass e regelrechten Iwwergang vum Punk an d'Pop Musek. En Opus, deen dem Idol den Duerchbroch garantéiert hat.

  • Speak no Evil - Wayne Shorter

    E klengt Meeschterwierk aus dem Joer 1965 vum äusserst produktiven an afallsräiche Saxophonist Wayne Shorter.

  • Primus - Sailing the Seas of Cheese

    Den zweeten Album vun där innovatiivster Rockband aus den 90er Joren ënnert der Lupp.

  • Eric Clapton - 461 Ocean Boulevard

    De Comeback-Album vum' Mr. Slowhand' aus dem Joer 1974: no den Drogen steet d'Musek erëm am Mëttelpunkt vum Clapton sengem Liewen ... 

  • Bryter Layter – Nick Drake

    Dem englesche Folk Museker säi lëftege Konzept-Album vu 1971 mat Hëllef vum John Cale a Fairport Convention

  • Head Hunters - Herbie Hancock

    E Manifest vum Fusion a gläichzäiteg Virleefer vum Funk. Dësen Album muss een einfach héieren a gespiert hunn!

  • Entre gris clair et gris foncé - JJ Goldman

    Dee fënnefte Studioalbum vum Jean-Jacques Goldman, aus dem Joer 1987

  • The Last Waltz - The Band

    De leschten Optrëtt vu Robbie Robertson a Co. zu San Francisco am Winterland Ballroom

  • Diesel and Dust - Midnight Oil

    Releast am August 1987

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen