Die Unvollendete

Isabelle Wiltgen

Dacks hannerloosse Komponisten net-ofgeschlosse Wierker. Wéi klengt dann elo de Schluss vum Puccini senger Turandot, oder vum Mahler senger 10. Sinfonie? Kee weess et! Oder vläicht dach? Vill Komponisten a Musekswëssenschaftler hu bekannte Wierker fäerde geschriwwen: Et ass Zäit, dës Vervollstännegungen ënnert d’Lupp ze huelen.

Giuseppe Verdi.jpg

De Franz Werfel léisst a sengem "Verdi. Roman der Oper" den Guiseppe Verdi u sengem leschten Wierk verzweiwelen. "Ich werde den Lear machen!", seet de Maestro. An dach ass näischt draus ginn: Et gëtt keen "Re Lear" vum Guiseppe Verdi. Mee well de Verdi bekanntlech e groussen Shakespeare-Fan war, gëtt an der Musikologie trotzdeem gemunkelt: Wat wär, wann hien des Oper trotzdeem geschriwwen hätt?

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Giuseppe Verdi: Re Lear

    Se ass a bleift "unvollendet": dem Guiseppe Verdi seng Oper "Re Lear".

  • Alban Berg: Lulu

    Den drëtten Akt vum Alban Berg senger Oper "Lulu" ass "unvollendet". Ass d'Lulu zu Recht bis 1979 e Fragment bliwwen?

  • J.S. Bach: Markuspassioun

    Vum Bach senger Markuspassioun existéiert just nach de Libretto. Trotzdeem gëtt et dovunner eng sëllechen Opnamen. Wéi kann dat sinn?

  • Franz Liszt: De Profundis

    Bal fäerdeg ginn - mä leider eben nëmmen bal: Dee jonke Franz Liszt gëtt säi säin éischte Pianosconcerto kuerz viru Schluss op.

  • Offenbach: Les contes d'Hoffmann

    Wat huet den Ernest Guiraud zum Offenbach senge "Contes d'Hoffmann" dobäi geschriwwen, wat huet en ewechgelooss?
     

  • Tschaikowsky - Pianosconcerto Nr. 3

    Pianosconcerto oder Symphonie? Di chaotesch Geschicht ronderëm dem Tschaikowsky säin lescht Wierk.
     

  • Béla Bartók: de Concerto fir Braatsch

    Wei eng Versioun vum Concerto fir Braatsch  ass am noosten un de Skizzen vum Béla Bartók?

  • Edward Elgar: 3. Symphonie

    Dem Anthony Payne säi Versuch, dem Elgar seng lescht Symphonie ze komplettéieren.

  • Aleksandr Borodin: 3. Symphonie

    Haaptberufflech e renomméierte Chemiker hat de Borodin leider nëmmen wéineg Zäit, sech der Musek ze widmen. Villes blouf e Fragment, sou och seng 3. Symphonie.

  • Giacomo Puccini: Turandot

    De Schluss vun "Turandot" ass net vum Puccini, mä vum Franco Alfano. Oder vum Luciano Berio, deen 2002 en neie Finale geschriwwen huet.

  • Anton Bruckner: 9. Symphonie

    Wéi eng Rekonstruktioun vum Bruckner senger 9. Symphonie ass am noosten um Bruckner senger Musek? An ass dat iwwerhaapt wichteg, op et brucknerméisseg kléngt oder net?

  • F. Schubert: 8. Symphonie a si mineur

    De Versuch, aus  dem Schubert senger "Unvollendete"  eng "Vollendete" ze maachen.

  • Gustav Mahler: 10. Symphonie

    An de 60er Jore komplettéiert de Musekswëssenschaftler Deryck Crooke dem Mahler seng 10. Sinfonie. Mee op wéi enger Grondlag a mat wéi enge Critèren?

  • W.A. Mozart: Requiem

    Wat ass echt Mozart um Mozart sengem Requiem a wat net? Doriwwer gëtt zënter zwee Joerhonnerten schonn diskutéiert.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen