Du bass e Museks... wat?

Luc Boentges

E Reagenzglas voller Nouten, eng Tafel voller Theorien an en Aarbechter an enger Museksfabrik. Dës Biller entspriechen natierlech net der Wierklechkeet vu Musekswëssenschaftler, -theoretiker a -produzenten. Mä wéi schaffen all dës Mënschen tatsächlech? A wéi gesäit hiren Alldag aus? De Luc Boentges geet op d'Sich no de Beruffer hannert der Musek a léisst sech vun Experten erklären, wat si eigentlech maachen.

Bianca Hellberg a Viviane Waschbüsch

Nieft dem Organiséiere vu Concerten a Festivallen ass d'Museksvermëttelung ee vun de Beräicher, mat deem sech all déi grouss Concertshaiser beschäftegen. Fir méi iwwer dëse Volet gewuer ze ginn, huet de Luc Boentges d'Viviane Waschbüsch an d'Bianca Hellberg, alle béid Education-Manager an der Philharmonie, an de Studio invitéiert.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Museksvermëttlerin

    D'Viviane Waschbüsch an d'Bianca Hellberg verzielen iwwer hire Beruff.

  • Musekermedezinnerin

    D'Claudia Spahn, Directrice vum Freiburger Institut fir Musekermedezin, verzielt iwwer hiert Fach.

  • Museksethnolog

    Den Damien Sagrillo gëtt en Abléck an d'Aarbecht vun engem Museksethnolog.

  • Musekstheoretiker

    De Claude Lenners gëtt en Abléck an d'Welt vun der Musekstheorie.

  • Museksproduzent

    Wéi erreecht een den optimale Klang? Wéi vill Aarbecht stécht hannertenger Opnam? De Marco Battistella jr. gëtt en Abléck a säi Beruff.

  • Musekskritiker

    De Remy Franck an den Alain Steffen iwwer Kritiken, Kritiker a Kritiséierter

  • Musekswëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg

    D'Noute vum Jean-Antoine Zinnen erëmfannen an eng Lëtzebuerger Museksgeschicht schreiwen - Aufgabe vun engem Musekswëssenschaftler.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Noriichten

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen