Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

1999 bréngt Of Montreal hire véierte Studioalbum "The Gay Parade" eraus. Et ass ee Konzept-Album, dee sech staark um brittesche Psychedelic Sound vun der Sixties inspiréiert. A Virfreed op déi nei, 24. Release vun den dacks ënnerschatenen a produktiven Amerikaner am Januar kuckt de Marc Clement zeréck op "Tulip Baroo".

D'Anne Georges huet e Faibel fir dem Julian Pollina a.k.a Faber säin kierzlech releasten zweete Longplayer "I Fucking Love My Life". Heirop gëtt sech esou richteg, iwwer eis Gesellschaft, ausgekatzt. "Das Leben Sei Nur Eine Zahl" ass deen Titel, deen dem Anne besonnesch an de Läffele läit.

Hanner deem ambiguen Numm King Princess verstoppt sech déi 20-järeg Mikaela Straus aus Brooklyn, New York, a si huet et fauschtdéck hanner den Oueren. Mol provozéiert si ganz selbstbewosst, dann nees gëtt si sech ganz sensibel a verletzlech. Mat hirem éischte Longplayer "Cheap Queen" huet si dem Vicky Stoll et ugedoen.

D'Rolling Stones hunn am Laf vun hirer Joerzéngte laanger Karriär een Hit um anere gehat - ugefaangen huet et esou richteg 1965 mat engem Titel, dee si haut nach ëmmer an hire Live-Showe spillen: "Satisfaction". An eiser Rubrik Copy/Paste erënnert de Fred Medernach un dëse Jagger-Richards-Klassiker a kuckt, wat zwee aner Interpreten domadder gemaach hunn.

All Woch geet eis Museksredaktioun an d'Plackekëscht kropen, fir e schéinen Album aus der Vergaangenheet matzebréngen. Ee ronne Gebuertsdag muss ee feieren, an e muss derwäert sinn, sech en nach eemol unzelauschteren an ee Bléck zeréckzegeheien. Dës Kéier huet de Marc Clement eis eppes vum Prince matbruecht, an zwar eng manner bekannte Plack, de "Black Album", dee viru bal genee 25 Joer erauskoum an dach ee Kand vun den 80er ass.

Den Yves Stephany mellt sech aus der Rockhal vum Sonic Visions Festival. Um Mikro ass d'Eline Van Audenaerde mat Explikatiounen iwwer "Mental Health In The Electronic Music Industry".

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats Lungo

    Véier Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Tuğsal Moğul

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen