Generator

Pit Walté

D'Jugend-Sendung um 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... A beschter Generator-Musek.

choppy bumpy peaches

Wéi geet et mam Brexit weider fir d'Lëtzebuerger Studenten a Groussbritannien? Mir hu bei der Society of Luxembourg Students in Britain nogefrot. Dernieft ass de Ben der Fro nogaangen, ob an de Schoule méi Literatur vu Frae misst gelies ginn, d'Associatioun Voix de jeunes femmes hat dat nämlech gefuerdert. Am Studio beim Pit ass déi Lëtzebuerger Formatioun Choppy Bumpy Peaches.

Playlëscht:

  1. Noah & The Whale - L.I.F.E.G.O.E.S.O.N.
  2. Christine And The Queens - The Walker
  3. The Choppy Bumpy Peaches - Sabaku
  4. The Choppy Bumpy Peaches - Sgt. Konfuzius
  5. Cid Rim - Control Feat. Denai Moore
  6. Le Tigre - Hot Topic
  7. Leoniden - People
  8. Walking On Cars - Two Stones
  9. Ten Fé - No Night Lasts Forever
  10. Coely - No Way
  11. Gramatik - Just Jammin'

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Generator

    D'Flüchtlingskris a Griicheland ass Haaptsujet am Generator. D'Situatioun ass méi prekär, wéi se an de Medien duergestallt gëtt.

  • Generator

    E Special iwwer d'Medien zu Bonn.

  • Generator

    Den Owend mat Géisskan Kollektiv, TUYS, Richtung 22, Eagles of Death Metal a Medienerzéiung an der Schoul

  • Generator

    D'Uni Lëtzebuerg, skurril Aussoe am US-Wahlkampf, Cannes an den "Ear we are"-Festival. Am Studio ass de jonke Kënschtler an Auteur Maxime Weber.

  • Generator

    Haut um Menu: Erklärungen iwwert de LuxLeaks-Prozess, d'Staatsvisite a Finnland an eng speziell Top 10 Lëscht. Mat am Studio ass d'Sun fir säi Blog "Sunzibar" virzestellen. 

  • Generator

    Haut mat: 24 elektronesche Stonnen, memorable Filmzitater, jonken Entrepreneuren, engem Festival, an engem Filmpräis.

  • Generator

    Haut am Generator: Colombe Music, den Yves am Tounstudio, d'France am Fundbüro, d'Tessy um Festival an d'Maxi an de Rick am Studio. 

  • Generator

    D'Theme vum Generator sinn de Rapper Tommek, Generation Y, de Maka MC an de Prince. Op Besuch am Studio ass de jonken Entrepreneur Kevin Rotolo

  • Generator

    Ee Pianist, een Theaterpedagog an d'Bands Redhills an The Kooters sinn op Besuch beim Maxi a beim Rick

  • Generator

    Coding, Gäertner, Präventioun bei den MST an Dj's Hootenanny sinn haut Sujet bei Generator. Presentéiert vum Maxi a vum Jonathan.  

  • Generator

    Beim Maxi Pesch a Charlie Muller geet et ëm Poker, d'Berliner Rapper K.I.Z, d'ANESEC an zwou nei Singles vun ''Austinn'' an ''Quantum Dot''.

  • Generator

    D’Themen haut am Generator sinn d’Attentater zu Bréissel an den Achal Murti iwwert säi Musik-Projet. De Poetry Slammer Yannick Schumacher an de Radio 100,7-Stagiare Andy Eagle si live bei eis am Studio.

  • Generator

    D'Themen haut am Generator sinn d'Alternative für Deutschland (AfD) an d'Jugendhaus zu Esch. De Kënschtler Patrick Rodrigues an de Wrestler  Arno Piren si live bei eis am Studio. 

  • Generator

    Theme sinn déi "virtuell Realitéit", de Rapper Tommek, d'Lëtzebuerger Sprooch an de Jugend-Literaturconcours. D'Band "African River" ass Live am Studio.

  • Generator

    Grousse Kino haut am Generator mam Tessy a mam Maxi

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen