Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Net nëmmen am Mëttleren Oste kämpfe regional Muechte fir hire politesch-reliéis-ideologeschen Afloss ze halen. Saudi Arabien, mee och den Iran, hunn hir jeeweileg Interessien a bekriche sech indirekt a verschiddene Länner am Mëttleren Osten. Mee d'saudescht Kinnekshaus a säi reliéis-ideologeschen Apparat ass och aktiv um afrikanesche Kontinent, fir do säi reliéisen Afloss auszedehnen. D'Nathalie Oberweis huet mam bekannte franséische Politolog an Islamolog Olivier Roy geschwat.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Ëmstridde Ressourcen: Gold

    Den Ofbau vu Gold huet net just ëmwelt- a gesondheetsschiedlech Effekter, mee féiert zu Kricher, soziale Spannungen an illegaler Ausbeutung.

  • Referendum a Kolumbien

    Mam Referendum iwwert d’Friddensverhandlungen tëscht der Regierung an der FARC gouf Geschicht geschriwwen. 

  • Ëmstridde Ressourcen: Waasser

    Ëmstridde Quell vum Liewen

  • Nordkorea: Atomkraaft, Identitéit a Sanktiounen

    Nordkorea huet dëse September mat sengem fënneften Atomtest och erëm eng diplomatesch Bomm explodéiere gelooss. Méi streng Sanktioune géint Nordkorea ginn envisagéiert. Mee sinn dës Sanktiounen iwwerhaapt efficace, a wat bedeit den Nuklearprogramm fir den nordkoreanesche Regime?

  • Ëmstridde Ressourcen: Waasser

    Waasser gëtt méi rar an enger Welt, wou d'Bevëlkerung wiisst, d’Ressource ongläich verdeelt ass, iwwerbenotzt a verschmotzt gëtt.

  • Accord de Partenariat Economique

    D'EU-Kommissioun verhandelt säit Joren mat den afrikaneschen Länner déi sougenannten APE - Accord de Partenariat Economique.

  • Ëmstridde Ressourcen: Bluttdiamanten

    Vun de Biergerkricher an Afrika zum Kimberley Prozess: Wéi ee westleche Luxusprodukt zu Konflikter an Onstabilitéit an Entwécklungslänner féiert.

  • Muecht a Politik am Usbekistan

    "Le Roi est mort, vive le Roi". Den autoritäre Regierungstil vum Islam Karimov huet gutt Chancen, den Doud vum President z'iwwerliewen.

  • Afghanistan, Plattform vun Instabilitéit

    Obwuel den Afghanistan u Medienattentioun verluer huet, bedeit dat net, datt d'Situatioun sech stabiliséiert huet. Ganz am Géigendeel.

  • Afghanistan

    D'Mënschen, déi am Afghanistan liewen, kennen zënter Joerzéngte kee Fridden. E Bléck op e vergiessene Konflikt.

  • Mexiko a seng dissident Stëmmen

    Virun 2 Joer sinn 43 Studenten entfouert ginn. Virun e puer Deeg hunn international Experten d'Resultater vun hirer Enquête virgestallt.

  • D'kurdesch Fro - méi aktuel wéi je

    D'kurdesch Fro ass nees um Dësch - ouni wierklech um Dësch vun de Verhandlungen ze sinn.

  • Friddensofkommes a Kolumbien

    Den 23. Mäerz soll zu Havana, Kuba e Friddensofkommes ënnerschriwwe ginn tëscht der kolumbianescher Regierung an de FARC Rebellen.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen