Kappplooschter

Georges Urwald

Alldagsthemen, déi d'Lëtzebuerger Liddertexter an der Nokrichszäit inspiréiert an hir Nolauschterer ameséiert hunn. Eng kleng Lëtzebuerger Kulturgeschichtsstonn mat Opnamen aus den Nationalarchive vun der BNL, dem CNA an aus de Privatsammlunge vum Robert Jander an dem Georges Urwald. Dës Emissioun gëtt realiséiert a Kollaboratioun mam Cedom, dem Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.

Georges Urwald

Bei senge Recherchen zu Themen wéi der Moud, dem Sport oder Fräzäitaktivitéiten ass de Georges Urwald ëmmer nees iwwer kuriéis Lidder gestolpert. Dës besonnesch Stécker huet hie sech op d'Säit geluecht a presentéiert se elo an der leschter Emissioun vun der Serie Kappplooschter.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen