Kënschtler am Exil

Christian Mosar

An der Serie Kënschtler am Exil geet et ëm verschidde Sparten, vun der bildender Konscht iwwert d'Literatur bis zum Kino. D'Iddi ass ze weisen, wéi d'Biografien am Exil en entscheedenden Afloss op d'Kreatioun haten. De Brecht wollt eigentlech näischt vu senger Exilheemecht Dänemark wëssen, den Thomas Mann hat d'Amerikaner als grouss Kanner definéiert, huet awer, knapps war hien do, hire modernen a konsumorientéierte Liewensstil guer net méi sou schlecht fonnt. Säi Brudder Heinrich gouf domadder net sou gutt eens. Anerer, wéi de Walter Benjamin oder de Stefan Zweig, hunn hiren Exil net iwwerlieft. Den Zweig huet sech ëmbruecht an iwwert dem Benjamin säi Selbstmord gëtt bis haut diskutéiert.

Mä wat ass den Impakt vum Exil op d'Wierk vun dëse grousse Figure vum 20. Joerhonnert gewiescht? Eng Serie vum Christian Mosar.

De Walter Benjamin war scho 7 Joer am franséischen Exil, wéi hie sech op senger Duerchrees op Lissabon a Katalanien d’Liewe geholl huet. Hie wollt an d'USA, mä huet et net gepackt. Alles wat haut nach existéiert, ass en Abschiedsbréif, deen hien un den Theodor Adorno adresséiert hat.
Och de Stefan Zweig huet sech, vu schwéieren Depressioune geplot, d'Liewen am Exil geholl. Fir zwee vun de wichtegsten Intellektuellen aus der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert war d’Emigratioun an den Exil eng katastrophal Erfahrung. Explikatioune vum Christian Mosar.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Flucht a Verzweiwlung: Walter Benjamin & Stefan Zweig

    Fir zwee vun de wichtegsten Intellektuellen aus der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert war d’Emigratioun an den Exil eng katastrophal Erfahrung.

  • Exil vum Ostblock : Kundera a Biermann

    665 Nimm stoungen am Katalog vun der Ausstellung Ausgebürgert. Dee Bekannste war de Wolf Biermann. De Milan Kundera ass och esoulaang bliwwen, wéi e gelooss gouf.

  • Hollywood als Rettung?

    D'Marlene Dietrich, de Peter Lorre an de Billy Wilder am Exil zu Hollywood.

  • Heinrich an Thomas Mann

    Wo ich bin ist Deutschland. Den Afloss vum Exil an Amerika op den Heinrich an Thomas Mann.

  • Walter Gropius a Mies van der Rohe

    Architekten, déi d’Welt nei erfannen: Zwee modern Architekten, déi an hirem Aarbechtsfeld Pionéier waren. Allen zwe si se an d'USA emigréiert.

  • Karl Schnog

    Kënschtler am Exil zu Lëtzebuerg 1933-40 : Karl Schnog

  • Konscht am Niemandsland

    De Kurt Schwitters war eng ganz aussergewéinlech Figur vun der Konscht an der Weimarer Republik.

Programm

  • Groove Club

  • On air

    Notturno

  • Noriichten

  • Klassik - Vu Failliten an anere privaten Affären

  • Noriichten

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen