Klangbiller

Jamie Reinert

Mat engem spatzen Ouer ginn déi alldeeglech Kläng op eemol spannend. Personnagen, Plazen an Ereegnesser ziele mat hiren Téin Geschichten, déi an dëser Sendung an hirer rauer Pruecht erfaasst ginn.

Bakstuff

Miel an der Loft. Den Doft vu frësch gebakene Wueren a vill Klimbim vu Knietmaschinnen, der Broutschéiss, an natierlech déi sëllech Manipulatioune vum Deeg. Den Jamie Reinert huet sech Moies fréi aus dem Bett gerappt an huet sech mam Mikro Richtung Bakstuff gemaach.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • An der Bakstuff

    "Dat schmaacht nach ëmmer esou gutt, wéi den éischten Dag"

  • Um Chantier

    Schifer, Gipsplacken a Gekabels

  • Doudegriewer: Graf op, Graf zou

    Bei der Aarbecht vum Doudegriewer Jérôme Controguerra war den Jamie Reinert mam Mikro debräi fir e Klangbild vun engem Kierfecht.

  • Paradiso

    Eng Gare wéi keng aner

  • D'Stëmm vum Stol

    Op der fréierer Schmelz du Diddeleng mam Misch Feinen

  • Um Maart

    E verschneite Mëttwoch Moien um Knuedler

  • Kokosnëss, Kabes a Kaméidi

    Am Toun-fir-Bild Studio héiert een allerhand Saachen.

  • Aire de Berchem

    Moies um hallwer zéng op der Raschtplaz

  • Menny Olinger

    Op der Schläifmille beim éischter diskrete Sculpteur

  • Paul Kayser

    Beim Organist um Ducksall vun der Paterekierch

  • Jean-Pierre Reitz

    Op Besuch am Atelier vum Péitenger Geiebauer

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen