Konsumtempel

Martine Reuter

Et gëtt Geschäfter, déi all Mënsch kennt. Et gëtt Kafhaiser, wou een onbedéngt eng Kéier sollt gewiescht sinn, wann een an där Stad op Besuch ass, wou se doheem sinn. Dëst si Butteker, déi duerch hir Gréisst, hir Geschicht an hir Architektur wäit méi si wéi just normal Plaze fir eppes anzekafen. Butteker, bei deenen et der wäert ass, méi iwwer hir Philosophie, hir Entwécklung an hire Stellewäert an der moderner Welt gewuer ze ginn.

An eiser Serie Komsumtempelen hëlt d'Martine Reuter eis mat bei Harrod's, an de KDW oder d'Galleries Lafayette.

Konsumtempelen, ëmmer samschdes kuerz no 9:00

D'Galeries Lafayette sinn eng richteg Institutioun, net nëmmen zu Paräis. Am Haaptbuttek op der Nummer 1 an der Rue La Fayette kann een tëschent 3.500 verschiddene Marke wielen, mee et ass net nëmmen eng Plaz fir ze shoppen, et ass och en historescht Gebai mat impressionnanten Art Deco Elementer.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Panorama

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • The Jim Kent Show

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen