Krichsmonumenter

Krichsmonumenter begéinen eis zu Lëtzebuerg op ville Plazen an a ville Formen - sief et als Statuen, Gedenkplacken, Kräizer oder Zaldotekierfechter. Eleng fir den Zweete Weltkrich gëtt et hei am Land iwwer 500 Monumenter. Dobäi sinn dës Denkmaler net just Iwwerreschter aus der Vergaangenheet. Si goufe mat der Intentioun erschafen, Erënnerungen un déi nächst Generatioune weiderzeginn.

Uechter d'ganz Land verdeelt erënnere Monumenter, Gedenkplacken a Panzeren un den onermiddlechen Asaz vun den amerikaneschen Zaldote fir d'Befreiung vu Lëtzebuerg. Hir lescht Rou hunn iwwer 5.000 amerikanesch Zaldoten op dem Militärkierfecht zu Hamm fonnt, dee sech zanter senger Aweiung zu enger regelrechter Pilgerplaz fir Lëtzebuerger, Touristen, amerikanesch Veteranen a Familljememberen entwéckelt huet. D'Sophie Thoma huet sech e puer vun dëse Monumenter ugekuckt.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • The Jim Kent Show

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen