Lëtzebuerg entdecken

Claude Faber Pit Walté

De Summer duerch hëlt de radio 100,7 iech mat op déi schéinste Plaze vum Land, déi méi oder manner bekannt, mä sécher der Wäert sinn entdeckt ze ginn. Donieft stellt de radio 100,7 iech eng Rei vun de Campinger aus dem Grand-Duché an d'Leit, déi do Vakanz maachen, vir.

D'Natur mat alle Sënner erliewen, dat ass de Motto vun der Robbesscheier zu Munzen. Et ginn do divers Handwierker virgestallt, et gëtt eng grouss Offer un Teambuilding-Moossnamen an d'Déiere stinn am Mëttelpunkt. De Pit Walté war dohinner kucken.

Lauschteren

Nächst Emissioun

Duerch d'Geschicht, d'Aktualitéit besser verstoen

Rezent Emissiounen

  • D'Natur mat alle Sënner erliewen

    Op der Robbesscheier stinn d'Déieren, d'Handwierk an d'Natur am Mëttelpunkt.

  • Camping Troisvierges

    Enger aler, iwwerliwwerter Seechen no, soll dat klengt Lëtzebuerger Dierfchen Ëlwe vun Naturgeeschter gegrënnt gi sinn.

  • Eng wonnerschéi Vue iwwer de Belval

    Um Belval kann ee bis op den Héichuewen A eropgoen, fir do méi iwwer d'Stolindustrie gewuer ze ginn.

  • Camping Clervaux

    De Klierfer Camping ass dem Wëlle vun engem fréieren Generaldirekter vun der ARBED ze verdanken.

  • Iwwer d'Grenzen ewech

    Am Norde vum Land feieren d'Wander- a Vëlosweeër iwwer d'Grenze vum Grand-Duché eraus.

  • Camping Kohnenhof

    Wéi een op verschidde Plazen un der Our nach ka gesinn, ass zu Réimerzäiten, net wäit vum Kohnen Haff ewech, scho campéiert ginn.

  • Genee dat richtegt fir Zuch-Enthusiasten

    Am Minett Park kann ee mat enger Damp- oder Diesellokomotiv fueren, a mat der Minièresbunn geet et dono bis an de Bierg.

  • Camping du Rivage

    Camping ass net gläich Camping. "Glamping" ass deen neien Trend! 

  • Zu Fouss op de Spure vun der Geschicht

    An der Stad gëtt een op dem Vauban- a Wenzels-Tour méi iwwer d'Stad gewuer. A mam VR Timetravel mécht ee sech op eng Zäitrees an de Pafendall.

  • Camping Officiel Echternach

    Hu Dir schonn emol vun der Kleopatra-Nol an der Däiwelsschoart héieren?

  • Um Enn vum Dag wousst een, wat ee gemaacht hat

    Am Minnen-Musée zu Rëmeleng kann ee sech ukucke goen, wéi d'Minnen-Aarbechter fréier geschafft hunn.

  • Camping Krounebierg

    De Camping läit zu Miersch, direkt bei Nationalmonument vun der Onofhängegkeet. Et gouf vill investéiert, fir de fënnef Stäre gerecht ze ginn.

  • Ënnerwee am Mëllerdall

    Den Nordoste vum Land bitt vill Wander- a Vëlosweeër.

  • Camping Kockelscheuer

    E gutt besichten Duerchgangs-Camping, an deem awer nach vill méi Potential stécht.

  • De Béier, d'Gierwerei an d'Ardennen-Offensiv

    Zu Wolz am Schlass ginn et direkt dräi Muséeën ze entdecken.

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen