LiteraturLabo

Ethylenvinylacetat-Copolymere. Dat ass et, wat d'Buch am banneschten zesummenhält. Chemesch gesinn. Ob déi nei literaresch Publikatiounen och an ästhetescher Hisiicht halen - op d'mannst emol wat se verspriechen, doriwwer an iwwert aner Sujeten aus dem literaresche Liewen diskutéieren d'Literaturlaboranten Nathalie Bender, Valerija Berdi a Ian De Toffoli an engem literaturkritesche Ronndëschgespréich mat Rezensiounen, Iwwerleeungen an Invitéen.

400 Joer laang gouf et den Index librorum prohibitorum - Emile Zola, Heinrich Heine, Balzac a Voltaire, George Sand, Immanuel Kant - just e puer vun den honnerten Nimm, déi ze liesen eng Sënn war. 1966 gouf den Index Romanus ofgeschaf, mee d'Zensur existéiert weider! Zensur huet Traditioun a ville Länner an a ville Formen. Wat heescht haut Zensur? Wéi huet se sech entwéckelt a wéi e Kleed dréit se am 21. Joerhonnert? Unhand vu konkreter Literatur diskutéieren déi dräi Literaturlaboranten Valerija Berdi, Michel Delage a Ian De Toffoli mam Expert vun der Zensur, dem Dr. Henning Marmulla, dee fir vill iwwerraschend Informatioune suergt.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • #LitLab 11 - Thema: Zensur

    Wat heescht haut Zensur? Wéi huet se sech entwéckelt a wéi e Kleed dréit se am 21. Joerhonnert?

     

  • Literaturlabo 9: American Dream

    De leschte Mëttwoch hunn d'Literaturlaboranten zu Steesel am Kulturhaus Laval-Tudor iwwer rezent amerikanesch Literatur geschwat.

  • Magesche Realismus

    De Begrëff Magesche Realismus gouf vum däitsche Konschtkritiker Franz Roh ëm 1925  gebilt. Literatur vum Magesche Realismus gouf et éischter.

  • Literaturpräisser - Literaresche Labyrinth

    D'Enn vum Joer ass dee richtege Moment, fir e Bilan iwwert priméiert Literatur ze zéien a flott a manner flott Bicher ze beschwätzen.

  • Reesliteratur

    Duerch d'Welt an d'Literatur reese mam Nathalie Bender, Valerija Berdi a Ian de Toffoli. ogeholl den 6. Juli am Café littéraire vum CNL zu Miersch,

  • Vu Beruff Schrëftsteller?

    Kann een zu Lëtzebuerg vum Schreiwe liewen? Iwwerliewen?

  • LiteraturLabo goes LiteraturPräis

    Ass e Literaturpräis e Garant fir gudd Literatur?

  • Literatur 2.0: Netzliteratur oder Hyperfiction?

    Wéi verännert dat Digitaalt dat literarescht Wierk a wéi verschafft d’Literatur thematesch den Zäitalter vun den digitale Méiglechkeeten?

  • Literaturland Lëtzebuerg?

    Véier rezent Wierker vu Lëtzebuerger Auteuren sinn den Ophänkert fir en Echange iwwert d'Literatur vun an zu Lëtzebuerg.

     

  • Indonesien, literarescht Niemandsland?

    Dee gréissten Inselstaat vun der Welt ass literarescht Niemandsland. Grond si wéineg Iwwersetzungen an eng bis dato moer national Literaturpromotioun.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen