Maria Consolatrix

Roger Seimetz

De Mariekult kritt den 10. Oktober 1666 mam Introniséiere vun der "Consolatrix Afflictorum" als "Patronae civitatis" offizielle Status, wat sech besonnesch an der "Oktav-Pilgerfaart" an am 350. Jubiläum dëst Joer manifestéiert. D’Mariëveneratioun ass allerdéngs kee spezifesch lëtzebuergescht Phänomen an ass anerwäerts méi al wéi an der Stad. D’Maria, "mater Dei", ass fir vill Chrëschten eng wichteg Figur, vun där och am Koran Rieds geet, mä als Mamm vu Jesus entwutscht si den Historiker. D’Neit Testament ass zimlech diskret an déi éischt Chrëschten hate souzesoen näischt, wat hinnen der Maria hir Persoun an Identitéit konnt verdéiwen a bekannt, jo beléift maachen. Déi Evolutioun koum méi spéit, vrun allem tëscht dem 2. a 6. Joerhonnert, souwéi 1854 (Onbefleckt Konzeptioun) an 1950 (Assomptioun mat Läif a Séil).
Nei Interpretatioune vun de kanoneschen Evangelien, souwéi rezent Recherchë beliichte dat Metaphysescht ëm Marien-Kuriosum a -Mysterium nei. E Feature vum Roger Seimetz.

Mariekult ass zäitlech hei am Land méi déif verwuerzelt, wéi déi 350 Joer, déi Lëtzebuerg dëst Joer feiert. D’Marieveréiere fënnt een op verschiddene Plazen an an diverse Formen erëm. `t ass allerdéngs virun 350 Joer, wéi si Schutzpatréinesch gouf, wou de Kult seng Apotheos kritt a säi scho bal alldeeglecht Begrënne fënnt, dat all Joer duerch besonnesch Manifestatioune verstäerkt gëtt. Hannergrënn vum Roger Seimetz.

 

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Maria Afflictorum

    Mariekult ass zäitlech hei am Land méi déif verwuerzelt, wéi déi 350 Joer, déi Lëtzebuerg dëst Joer feiert.

  • Maria - Fra a Kultfigur

    Marieveréierung ass kee Phänomen, dat sech op Lëtzebuerg beschränkt, weder geografesch nach zäitlech.

Programm

Dossieren

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen