Mikro a Macro

Claude Wangen

Am Mëttelpunkt stinn d'Geschicht vun - a Geschichten aus der Wëssenschaft. Aus dem Mosaik vun den Detailer soll op dësem Wee erëm ee ganzt Bild ginn. Ouni Jargon an ouni Virwëssen. Kuerzweileg presentéiert.

Eng Aachtchen, déi op der Säit läit, ass schonns zënter iwwer 350 Joer d’Symbol fir d’Onendlechkeet an der Mathematik. Mä och wann d’Iddi scho ganz al ass, dëse bossesche Wäert huet d'mathematescht Denke bis un hir Grenze provozéiert! De Claude Wangen seet firwat.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Véier Zuelen: d'Onendlechkeet

    Den Ofschloss an der Rei vun Zuele mécht d’Onendlechkeet. Mä ass dat wierklech eng Zuel? A wa jo, wéi kann een domat rechnen?

  • Véier Zuelen

    e: och wann et vläicht eng vun de manner bekannten Naturkonstanten ass, da spillt se awer an allerlee Beräicher eng wichteg Roll.

  • Véier Zuelen: Pi

    Eng vun de bekanntesten Zuelen aus der Mathematik an aus de Wëssenschaften allgemeng. Wou kënnt se hier, a wéi eng Roll spillt se?

  • Alan Turing - vir an no der Enigma Maschinn

    Déi manner bekannt Säit vum Mathematiker, Papp vun der Informatik.

  • Alan Turing an Enigma-Maschinn

    Wat war seng Roll bei der Entschlësselung vum däitschen Enigma-Code?

  • Chaos an dynamesch Systemer

    Eng ëmmer méi wichteg nei Fuerschungsrichtung: d'Chaostheorie an d'Verhale vu verännerleche Systemer.

  • Zuelentheorie

    Primzuelen, Dräieckszuelen, dem Fermat säi leschten Theorem: sinn dës Iwwerleeunge vläicht praktesch notzbar

  • Geometrien

    Eng 300 Joer viru Christus huet den Euklid d'mathematesch Geometrie zu engem kohärente System zesummegesat. Zwee Joerdausende méi spéit koumen aner Modeller op.

  • Carl Friedrich Gauss

    Ee vun de wichtegste Mathematiker iwwerhaapt a seng Aarbechten hunn all d'Beräicher vu reng theoretesche bis zu direkt praktesche Froen ëmfaasst

  • D'Geschicht vun der Geologie - 4: Katastrophen a Weltënnergäng

    Eis Äerd ass a stänneger Bewegung - Amerika ass haut 2 cm méi wäit ewech, wéi virun engem Joer nach. Wéi geféierlech ass et op sou engem Planéit ze liewen?

  • D'Geschicht vun der Geologie - 3: Fossilien

    Steng a Form vu Muschele spillen eng wichteg Roll fir ze verstoen, wéi d'Liewen sech entwéckelt huet an hëllefe geologesch Prozesser ze verstoen.

  • Geologie 2- Meenungen, Hypotheesen a Sträit

    Ass d'Welt duerch kontinuéierlech Prozesser entstan oder duerch rar, mä dofir gewalteg Emwälzungen? Eng Fro vun déiwen Iwwerzeegungen!

  • D'Geschicht vun der Geologie: D'Ufäng vun enger Wëssenschaft

    Spekulatiounen an Theorien iwwert den Urspronk vun eisem Planéit

  • D'Reese vum Schëff 'Beagle'

    Bei der zweeter Rees vun der "HMS Beagle" war den Charles Darwin derbäi. Ma och virdrun an duerno war d'Beagle fir d'Wëssenschaft ënnerwee!

  • Fuerscher an Entdecker: De Joseph Banks an den James Cook

    Och wann den Numm Joseph Banks vläicht net jidderengem e Begrëff ass, seng Sammelleidenschaft an doduerch och säi Bäitrag zur Botanik ware gewalteg.

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen