Moud an Disain

Roger Seimetz

Ob fir Kleeder, Miwwelen an Architektur … Archeologen entdecken ëmmer nees Bijouen, Miwwelpiècen, Hauskonscht, an d'Konschthistoriker: Traitéen iwwer Moud a Gezei-Virschrëften oder optimal Faarfkombinatiounen. Doriwwer eraus: War "fréier" alles homemade oder ass "auswäerts" produzéiert ginn? Wéi gutt war d’Qualitéit? De Maacherloun adäquat? Den Historiker Roger Seimetz liwwert Äntwerten.

Moud an "Disain" markéieren eise Goût zënter Joerhonnerten. Mee war fréier alles "homemade" oder ass auswäerts produzéiert ginn? Wéi gutt war d'Qualitéit? De Maacherloun adequat?

Fären a fairen Handel – et kléngt d'nämmlecht, et kënnen awer och zwou verschidde Säite vun enger Medail sinn. Deiert oder Blutt a Schweess markéieren de Produit. Dem Mënsch seng Éier ass sakrosankt. Oder ass et a Moud an "Disain" éieren de Contraire? Geet, wann et ëm "Disain", Moud a Luxus geet, de Respekt vum Mënsch fleeten? De Roger Seimetz mat Hannergrënn.

 

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Design: fär an/oder fair?

    Moud an "Disain" markéieren eise Goût zënter Joerhonnerten. Mee war fréier alles "homemade" oder ass auswäerts produzéiert ginn?

  • Rout, Moud a Muecht

    Moud ass net méi, wat se war. Wirtschaftlech a sozial Aspekter diktéieren de Goût.

  • Disain a Kommunikatioun

    D'Gezei verréit vill iwwer de Stil vun der Epoch souwéi iwwert d'Gesellschaft. 

  • Disain, e Spigelbild vun der Gesellschaft

    "Design" gëtt et réischt Enn '45. Eng "rezent" Geschicht mat "ale" Wuerzelen: Grad do hu mer Disain virun eis a mer gesinn en net oder mer "erkennen" en net méi.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen