Musikalesch Muechtspiller

Luc Boentges

Zënter dem Mëttelalter gëtt d'Musek vu Mënsche mat Muecht als Instrument agesat. An der Arméi hëlleft se, ze disziplinéieren, an der Politik, sech ze profiléieren, an a Konzentratiounslagere fir d'Insassen ze folteren an déi eegen Autoritéit duerchzesetzen.
Mächteg Mënschen hunn op där anerer Säit eng grouss Angscht viru politescher Musek, déi géint hire System geriicht ass. De Luc Boentges analyséiert, wéi wäit d'Muecht vun der Musek wierklech geet.

Dean Spielmann.JPG

Kann ee mat Musek géint Mënscherechter verstoussen? Gëtt et Musek, déi geschriwwe gouf, fir d'Mënscherechter ze promovéieren? Fir dës Froen ze beäntwerten, huet de Luc Boentges den Dean Spielmann, Juge um Europäesche Geriicht a fréiere President vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, an de Studio invitéiert. Zesumme kucke si, ob et eng Connectioun tëschent de Mënscherechter an der Musek gëtt, a wéi d'Musek an dësem Kontext agesat gouf a gëtt. 

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

  • E-Lodie

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen