Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Rosch Mirkes

1955 ass de Rosch Mirkes zu Déifferdeng gebuer a mécht hei seng éischt Museksschrëtt an der Stadmusek. Hie war ënner anerem Enseignant am Conservatoire zu Ettelbréck an huet Musek an der Primärschoul ënnerriicht. Mëttlerweil ass hie pensionéiert, mee ass nach weider aktiv an der Lëtzebuerger Musekszeen: artisteschen Direkter vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette, Administrateur vum Ensemble Vocal du Luxembourg, Organist,  Chouerdirigent, Chef beim Ensembel Ad Libitum.

Dem Rosch Mirkes säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg. Hien ass beim Manuel Ribeiro am Studio a presentéiert virun allem Musek aus dem Barock an der Klassik.

  • W.A. Mozart: Champagner-Arie aus "Don Giovanni"
  • G.F. Händel: The Trunpet shall sound aus "The Messiah"
  • W.A. Mozart: Adagio aus dem Klarinetteconcerto
  • J. Brahms: Waldesnacht, opus 62
  • H. Schütz: Musikalische Exequien SWV 279
  • J.J. Froberger: Curante aus der Suite a la mineur
  • C.F. Abel: Sonata di Cembalo e Viola da Gamba
  • C. Monteverdi: Pur ti miro aus "L'Incoronazione di Poppea"
  • J.S. Bach: Credo aus der h-moll-Messe
  • J. Haydn: Extrait aus "Die Schöpfung"
  • F. Couperin: Jérusalem aus "Leçons de ténèbres"

 

 

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • De Geoffroy Guirao

    De fréiere Mataarbechter vum William Christie an "Les Arts florissants" ass Produktiounschef an der Philharmonie a vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

  • De Camille Kerger

    Den Direkter vum INECC, Institut Européen de Chant Choral - Lëtzebuerg verréit seng Musek-Virléift.

  • Jeff Herr

    Drummer? Och! Jazzdrummer? Och! Einfach Museker, seet de Jeff Herr, deen d'musikalesch Playlëscht fir dës Stonn op d'Bee gesat huet.

  • Christoph König

    Zënter 2010 Chefdirigent vun den Solistes Européens, Luxembourg, SEL

  • Den Tom Bellion

    An den 80er war den heitegen Direkter vum Luxembourg City Tourist Office Gittarist bei der Grupp Chapter Two. A wat lauschtert hien haut?

  • D'Pianistin Sabine Weyer

    Mat der Publikatioun vun hirer éischter CD "Images", am Hierscht 2015, war d'Carrière vun der Musekerin definitif lancéiert.

  • Ralf Britten

    Den Direkter vum Trifolion verréit, wat doheem fir Musek leeft a firwat. 

  • Trixi Weis

    D’Kënschtlerin an een Tirang stieche mécht kee Sënn, well si ëmmer nees mat hiren originellen Aarbechten iwwerrascht.

  • Enrico Lunghi

    Den Direkter vum MUDAM ass net just un zäitgenëssescher Konscht interesséiert ...

  • Charel Muller

    Den Direkter vum Escher Theater verréit seng musekalesch Virléiften.

  • Lisa Berg

    Eng jonk talentéiert Musekerin, déi, ier se bei den Cello koum, Blockflütt op héijem Niveau geléiert huet.

  • Sascha Ley

    Déi däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin, Sängerin, Songwriterin a Komponistin ass op ville Bühnen doheem: Theater, Film an a Concertssäll.

  • Stephan Gehmacher

    Den Direkter vun der Philharmonie presentéiert säi musikalesche Choix.

  • David Galassi

    Den David Galassi aka Fluit vun De Läb stellt seng Liiblingslidder vir. Nieft Hip Hop ass ënner anerem och Nick Cave an Budos Band dobäi.

  • Nico Helminger

    De Schrëftsteller mam Hutt ass e Fan vun der Wiener Oper, dee grad sou gär op Rock- an Jazz-Concerten geet.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen