Musikatur

"Musik spricht dort, wo Worte fehlen." - Hans Christian Andersen

Vill Schrëftsteller hunn iwwer Musek a Museker geschriwwen an haten dobäi Museksstécker am Kapp. D'Isabelle Wiltgen stellt dës Literatur duerch e Collage vun Zitater a Musek vir. Dorausser entsteet eng Symbios vu Musek a Literatur - Musikatur eben!

Am Kader vum sougenannte Bildungssturm am 16. Joerhonnert wëllen 300 Leit den Doum vun Oochen zerstéieren. D'Nonne vum Cäcilieklouschter verhënneren dat awer, andeems si en Oratorium sangen. D'Musek huet d'Gewalt zeréckgedrängt. Seet den Heinrich von Kleist eis domadder, datt Musek Wonner bewierke kann?

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen