Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

62361441_2118233535135746_5795679884843941888_n.jpg

Déi kéier hunn d'Kollegen Tom Dockal a Marc Clement de Papperlapop gefiddert. De Marc Clement ënnerhält sech mat der belscher Formatioun "Intergalactic Lovers" souwéi d'Eissträicher vun "Steaming Satellites" déi de Weekend um Koll an Aktioun gespillt hunn. An den Tom Dockal huet leschte Sonndeg am Haff vun de Rotonden mat der Julia Holter gepotert. Di enigmatesch Kalifornierin déi sech un Art Pop, experimenteller a Baroque Musek an och Dudelsäck zervéiert.

Playlist:

  1. Julia Holter - Silhouette (Have You In My Wilderness, 24.09.2015 - Domino)
  2. Julia Holter - Les yeux to you (Aviary, 25.10.2018 - Domino)
  3. Julia Holter - Words I Hear (Aviary, 25.10.2018 - Domino)
  4. Julia Holter - I Shall Love 1 (Aviary, 25.10.2018 - Domino)
  5. Intergalactic Lovers - Northern Rd. (Little Heavy Burdens, 6.02.2014 - Parlophone)
  6. Steaming Satellites - Shout It Out (Back From Space, 12.04.2018 - The Instrument Village)
  7. Meernaa - Black Diamond Mine (Heart Hunger, 13.06.2019 - Oxeyedaisy)

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

    • Klassik aktuell - Duebelen Anniversaire

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen