Parkanlagen aus der Stad an iwwer Land

Martine Reuter

Wien an der Stad wunnt, huet mam Park e Stéck Natur direkt virun der Dier. Déi meescht vun dëse grénge Longen an der Stad Lëtzebuerg goufen no der Festungschléifung ugeluecht. Mee och op anere Plazen uechter d'Land fënnt een esou gréng Zonen. Froen deenen dës nei Serie nogeet: Wéini sinn dës Anlagen entstanen, wat fir Beem a Sträicher ginn ugeplanzt a wéi grouss ass den Aarbechtsopwand beim Ënnerhalt? 

Am leschten Deel vun der Serie iwwer d'Parken an der Stad an och iwwer Land steet e Park am Mëttelpunkt, deen am Gaangen ass ze entstoen an zwar um Ban de Gaasperech oder wéi et och nach heescht, op der Cloche d'or.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen