Physik a Medezin

Carol Eicher André Mousset

D'Carol Eicher an André Mousset ënnerhale sech iwwert d'Physik, déi hannert der moderner Medezin stécht. Vun historesche Fakten iwwer modern Entwécklungen erkläre si op verständlech Manéier déi ënnerschiddlechst Geräter, Behandlungen a Krankheeten.

DNS, DNA, ADN ... Genen a Genmanipulatioun ... all Dag ginn Artikele publizéiert an der Press, gëtt an de Medien diskutéiert. Villverspriechend Techniken an der Analys a Manipulatioun vu Gene gi beschriwwen an ugesot, fir nei Therapien z'entwéckele fir rar Krankheeten, fir Kriibs. Manner bekannt sinn Techniken aus der Physik, déi elo um Niveau vum Nanometer zum bessere Verständnis vun der DNS bäidroen: Röntgen Kristallographie, Ënnersiche vu mechaneschen Eegenschafte vun eenzelen DNS Stecker. D'Carol Eicher an den André Mousset mat Erklärungen.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Medezin, Physik a Genetik

    Kleng awer oho! ass e Sproch, deen een och un d'DNS uwenden kann, well obwuel mikroskopesch kleng, decidéiert dës Moleküll iwwer Liewen.

  • Laserchirurgie

    Laser e Wuert dat haut jidder engem e Begrëff ass. Wéi Laseren an der Medezin agesat kenne ginn gesinn mer an dëser Sendung.

  • Roboter-Chirurgie

    Roboter, en High-Tech-Handwierksgeschir fir Chirurgen! A si maachen just an nëmmen dat, wat de Chirurg wëllt.

  • Modern Reeducatiouns-Methoden

    Leit mat ugebuerenen oder duerch en Accident oder eng Krankheet entstane Behënnerunge kréie gehollef.

  • Beim Zänndokter

    Historesches a Wëssenschaftleches iwwert Zännmedezin

  • PET-Scan

    Positron-Emissiouns-Tomografie oder PET: klengt komplizéiert, ass et och. An dëser Sendung gëtt Technik verständlech duergestallt.

  • Endoskopie

    De medezineschen Endoskop am Laf vun der Geschicht an d'Physik hannert all deenen Apparater

  • Ultraschall an der Medezin

    Rieds ass vun Ultraschallwellen. Wat sinn hir Eegenschaften a wéi gi si an der Medezin benotzt?

  • IRM - Imagerie par résonance magnétique

    Déi revolutionär Technik vun der Imagerie Médicale.

  • Beim Hausdokter

    Physik beim Hausdokter: Bolsmiessung, Bluttdrockmiessung, Ënnersichung mam Otoskop, Oflauschtere mam Stethoskop, Perkutéieren

  • E Sträifzuch duerch d'Geschicht vun der Medezin (2)

    Den Afloss vun der Erfindung vun neien Instrumenter an Techniken zënter der Renaissance bis haut

  • E Sträifzuch duerch d'Geschicht vun der Medezin (1)

    Wéi huet sech d'Medezin vum anticke Griicheland iwwert islamesch Aflëss am Mëttelalter entwéckelt?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Notizblock

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen