Post vum Christiane

D'Christiane Walerich ass ee Joer laang op Weltrees. Dësen Trip féiert d'Journalistin duerch Australien, Neuseeland, Japan, d'USA, Brasilien a Südafrika. Impressioune vun der Rees schéckt d'Christiane eis eng Kéier am Mount op Lëtzebuerg.

D'Kiwifriichten, wéi och d'Piniekären, si grouss Exportprodukter vun Neuseeland. Als fréier Kolonie war Neuseeland ëmmer staark op den Export ausgeriicht. Eng Erausfuerderung fir dës Monokulture gëtt haut ëmmer méi de Manktem u Saisonsaarbechter - mee och de Klimawandel mat senge laangen Dréchenten an der grousser Feiergefor setzen dem Ubau zou. D'Christiane Walerich presentéiert déi verschidde Plantagen.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Vu Kiwien a Piniekären

    D'Kiwifruucht ass wuel de bekanntsten Exportartikel aus Neuseeland - mee och Piniekäre reese wäit ... - an dat virum Hannergrond vum Klimawandel.

  • Cheese

    Alles Kéis am Land vu Mëllech an Hunneg? E Kéisverkeefer an ee Kéishiersteller vermëttelen een Androck iwwer dëst Naturprodukt.

  • En éischten Abléck an Neuseeland

    Foodien hu Konjunktur - fir méi gewuer ze ginn, hu mir eis op eng Tour gemaach an entdecken dobäi och dat lokaalt Superfood aus Neuseeland.

  • Permakultur als Zukunftsvisioun?

    Wat ass Permakultur? Iwwer hir Chancen a Schwieregkeete schwätze mir mat engem jonke Farmer an dem Permakultur-Matbegrënner, David Holmgren.

  • The Invisibel Farmer

    Dat sinn engersäits d'Fraen an der Landwirtschaft, mee och déi kleng Farmen ...

  • Aboriginals: Liewensmëttel an Identitéit

    Wat ass Nahrungskultur? Wat ass se virun allem, wann een den Zougank zur Natur verluer huet? Op dëser Sich sinn d'Aboriginals vun Australien.

  • Work and Travel an Australien

    Reesen a Schaffen an Australien, dat wëllen ëmmer méi Jonker. D'Landwirtschaft ass mëttlerweil esouguer op déi Aushëllef ugewisen.

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen