Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Riicht Eraus mam Alex Bodry

Eng Partei brauch Politiker mat Erfarung, muss sech awer och erneieren. Den Alex Bodry (LSAP) ass ee vun deene mat Erfarung, déi ufänken de Wee fräizemaache fir anerer. Am Dezember hält de Sozialist op als Fraktiounschef a wëllt fir e fräie Posten am Staatsrot kandidéieren.

Zéng Joer laang Minister, zéng Joer laang Buergermeeschter a 25 Joer an der Chamber, dovunner sechs als Fraktiounschef: Iwwer seng politesch Carrière, iwwer déi méiglech nei Etappen an iwwer déi aktuell Erausfuerderunge fir déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun schwätze mir mam LSAP-Politiker Alex Bodry.

Moderatioun: Jean-Claude Franck

Lauschteren

Nächst Emissioun

Monique Kieffer

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen