SchrëftstellerIn vum Mount

All Mount steet eng Schrëftstellerin oder ee Schrëftsteller am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a ville Facette vum Wierk.

Aus eng trauregem aktuellem Ulass, dem Doud vum Georges Hausemer, den 13. August 2018, rediffuséiere mir d'Emissioun "Georges Hausemer - de Schrëftsteller vum Mount vum 30. Oktober 2017.

Och wann d'Reesliteratur e bedeitenden Deel vum Georges Hausemer senger schrëftstellerescher  Aarbecht ausgemaach huet, sou däerf een net säin anert Wierken aus den Ae verléieren. Nieft Lyrik a Prosa huet hien och Kannerbicher verfaasst, war Zeechner, Iwwersetzer a Blogger. E Bäitrag vum Valerija Berdi iwwer de Georges Hausemer -  a seng Literatur an all senge Formen.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen