Séier lafen oder schwéier schaffen

Mars Klein

D'Päerd stoung ëmmer fir Schéinheet an Eleganz, fir Kraaft an Ausdauer. Et ass veréiert ginn a bluddeg geschënnt. Joerdausendelaang war et dem Mënsch seng Tempo-Maschinn. Expansiv Muechtpolitik huet et méiglech gemaach: D'Kavallerie war eng redoutabel Krichswaff. Am 19. Joerhonnert krut de Biddi Konkurrenz: D'Dampmaschinn gouf d'Päerd vun der Eisebunn, de Vëlo e Päerdche fir de klenge Mann. An den Automobil war op eemol déi omnipresent Kutsch ouni Päerd. Zënter d'Bauerewiese mechaniséiert gouf, ass d'Päerd just nach en héichgeziichtent Sportinstrument. De Mars Klein weist d'Päerd dans tous ses états: An der Mythologie, Literatur, Konscht, am Film, awer och bei der fréierer haarder Aarbecht, beim Sport a soss Zirkus - an als gepéngegt Kreatur am Krich.

Wann et een amerikanesche President gouf, dee mat Päerd ze dinn hat, dann den Theodore - genannt Teddy - Roosevelt (1858-1919). Als jonke Mann hat hien eng Ranch am Nord-Dakota mat Honnerte Ranner an Dosende Päerd. Wochelaang konnt hien am Suedel duerch déi wäit amerikanesch Landschaften op d'Juegd reiden. Am spuenesch-amerikanesche Krich 1898 op Kuba huet hien esouguer e Kavallerie-Regiment kommandéiert a gouf e gefeierte Krichsheld.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Den Teddy Roosevelt an d'Päerd

    Wann et een amerikanesche President gouf, dee mat Päerd ze dinn hat, dann den Theodore - genannt Teddy - Roosevelt (1858-1919).

  • Kutsche-Fueren

    D'Fueren an elegante Kutsche war zënter der Renaissance en vu Räich-Sinn a Muecht-Hunn. Haut erlieft d'Kutsche-Fueren als Sport-Kompetitioun e Revival.

  • De Winston Churchill bei der Kavallerie

    Den Zweete Weltkrich Premier ass fënnef Mol um Päerd an e Krich gezunn: op Kuba, an Indien, am Sudan, a Südafrika.

  • D'Bauerepäerd

    Zanter enger Rei Jore gëtt et a muenche Regiounen e Renouveau fir den Asaz vun de Schaffpäerd.

  • D'Marion Gräfin Dönhoff

    Eng vun de beschte Journalistinnen an Däitschland hat an hirem éischte Liewe vill mat Päerd ze dinn.

  • De Päerds-Portraitist George Stubbs

    De George Stubbs war ee vun de wichtegen englesche Moler aus dem 18. Joerhonnert, deen drop spezialiséiert war, fir Päerd ze portraitéieren!

  • England, Mammeland vum Päerdssport

    Zentrum vum englesche Päerdssport ass Newmarket, net wäit vu Cambridge. Do ass de Sëtz vum elitären Jockey Club, gegrënnt 1752, deen als éischte Regelen opgestallt huet fir d'Coursen.

  • De Lew Tolstoi an d'Päerd

    All Dag geridden ass hie bis an den héijen Alter. Nieft senge Roman-Klassiker "Krich a Fridden" an "Anna Karenina" gëtt et och eng Rei Erzielungen iwwer Päerd.

  • D'Postkutsche vun den Thurn & Taxis

    Nieft dem Transport vun der Post hunn d'Thurn und Taxis Enn vum 18. Joerhonnert e Reseau mat Kutsche fir de Persounentransport opgebaut.

  • D'Post vun den Thurn & Taxis

    D'Famill Thurn und Taxis huet 1490 ugefaangen, fir den Haff vun den Habsburger den administrative Courrier tëscht Bréissel, Innsbruck an Neapel mat Reider-Stafetten ze transportéieren.

  • Päerd beim Franz Marc

    Päerd sinn en Haaptsujet am Wierk vum däitschen Expressionist, Member vun der Münchener Artistegrupp Der Blaue Reiter.

  • Päerd beim Pablo Picasso

    Besonnesch imposant ass d'Päerd op sengem monumentalen Tablo Guernica, deen hie gemoolt huet fir de spuenesche Pavillon op der Welt-Ausstellung 1937 zu Paräis.

  • Päerd an der germanescher Mythologie

    Deen ieweschte Gott Odin (och Wotan genannt) hat e gälleche Super-Biddi, de Sleipnir, dee mat aacht Houf iwwer d'Waasser galoppéieren an duerch d'Luucht fléie konnt.

  • Heinrich von Kleist: Michael Kohlhaas (1810)

    D'Erzielung dréit ëm d'Fro, op et e Recht gëtt, als eenzele Bierger sech ze wieren géint e korrupte Staat.

  • Der Schimmelreiter vum Theodor Storm

    Topeg Duerfleit maachen aus engem Däichgraf sengen Iwwerleeungen iwwert e modernen Däichbau a sengem ongewinnten Araber-Schëmmel eng Story vun Awerglawen an Däiwlerei.

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen