Séier lafen oder schwéier schaffen

Mars Klein

D'Päerd stoung ëmmer fir Schéinheet an Eleganz, fir Kraaft an Ausdauer. Et ass veréiert ginn a bluddeg geschënnt. Joerdausendelaang war et dem Mënsch seng Tempo-Maschinn. Expansiv Muechtpolitik huet et méiglech gemaach: D'Kavallerie war eng redoutabel Krichswaff. Am 19. Joerhonnert krut de Biddi Konkurrenz: D'Dampmaschinn gouf d'Päerd vun der Eisebunn, de Vëlo e Päerdche fir de klenge Mann. An den Automobil war op eemol déi omnipresent Kutsch ouni Päerd. Zënter d'Bauerewiese mechaniséiert gouf, ass d'Päerd just nach en héichgeziichtent Sportinstrument. De Mars Klein weist d'Päerd dans tous ses états: An der Mythologie, Literatur, Konscht, am Film, awer och bei der fréierer haarder Aarbecht, beim Sport a soss Zirkus - an als gepéngegt Kreatur am Krich.

Wann et een amerikanesche President gouf, dee mat Päerd ze dinn hat, dann den Theodore - genannt Teddy - Roosevelt (1858-1919). Als jonke Mann hat hien eng Ranch am Nord-Dakota mat Honnerte Ranner an Dosende Päerd. Wochelaang konnt hien am Suedel duerch déi wäit amerikanesch Landschaften op d'Juegd reiden. Am spuenesch-amerikanesche Krich 1898 op Kuba huet hien esouguer e Kavallerie-Regiment kommandéiert a gouf e gefeierte Krichsheld.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • De Buffalo Bill erfënnt de moderne Show-Spektakel

    D'Amerikaner - a geschwënn och d'Europäer - hu sech déi couragéiert a bluddeg Vergaangenheet am Wëlle Westen nospille gelooss.

  • E Cowboy, wéi en am Buch steet

    De William Frederick Cody (1846-1917), besser bekannt ënnert dem Spëtznumm Buffalo Bill, war ee vun de spektakuläerste Personnagen aus dem amerikanesche Wëlle Westen.

  • Mat der Postkutsch iwwert de Gotthard

    Méi wéi eng Millioun Leit sinn op enger vun de spektakuläerste Strecken an den Alpe vun der Schwäiz an Italien transportéiert ginn.

  • Päerdscoursë mat Quadriga-Gespaner

    Am Altertum e populären Amusement fir d'Griichen oder d'Réimer

  • Quadriga-Gespan

    Zwou där Skulpturen: d'Päerd op der Basilika San Marco zu Venedeg an um Brandenburger Tor zu Berlin. Béid goufe se vum Napoléon als Krichsgewënn op Paräis geschleeft.

  • De Reider aus Bronze

    Déi lescht Erzielung a Verse vum russesche Schrëftsteller Alexander Puschkin 1833

  • Eng schaureg-fantastesch Course um Päerd ëm Mëtternuecht

    Verzielt vum däitsche Schrëftsteller Gottfried August Bürger 1773 a senger bekannter "Ballad Lenore".

  • Haut-la-Main op dem Päerd: den Napoléon

    1800 moolt de Jacques-Louis David den Napoléon op engem Schëmmel: "Le Premier Consul franchissant les Alpes au col du Saint-Bernard".

  • Dem däitsche Keeser säi Monument zu Koblenz

    De gudde Mann um Koko ass de Preis Wilhelm I., duergestallt als Feldmarschall mit Helm und Federbusch, mat Biddi 14 Meter héich.

  • Iwwert d'Geschicht vum Reider-Monument

    Vun der Renaissance bis d'Franséisch Revolutioun war de Reider-Monument de Symbol fir Fürstenherrschaft. Den Adelegen um Päerd war d'Demonstratioun vum pouvoir absolu.

  • D'Päerd am Zweete Weltkrich

    Déi däitsch Arméi stoung virun enger absurder Situatioun: de Russland-Feldzuch, den 22. Juni 1941, war ouni Päerd net méiglech - a mat all de Päerd net ze gewannen.

  • De Robert Scott mat Ponyen an der Antarktis

    Enn 1911 kënnt et zu enger spektakulärer Course, wien éischten op de Südpol kéim: den Norweger Roald Amundsen mat Hënn géint den Englänner Scott mat Ponyen.

  • Iwwert de Verkéier an der Zäit vun de Päerd

    Mir däerfen eis deen Trafic fréier net ze vill idyllesch virstellen: et goung erof mat allerlee Kaméidi, zimlech villen Accidenter a muench hygienesche Problemer.

  • Black Beauty: d'Autobiografie vun engem Päerd

    D'Englännerin Anna Sewell [1820-1878] huet 1877 e Buch iwwer Päerd geschriwwen, dat wäit méi ass, wéi e Jugendbuch. Si léisst e Päerd seng Liewensgeschicht selwer verzielen.

  • Vu klengen a groussen hëlze Päerd

    D'Schaukel-Päerdchen, d'Steckepäerd, d'Päerderchesspill op der Kiermes, oder de spuenesche Bock, eng Foltermaschinn aus der Inquisitiounszäit.

Programm

  • Papperlapop - Itasca

  • On air

    The Benny Brown Show

  • Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen