Séier lafen oder schwéier schaffen

Mars Klein

D'Päerd stoung ëmmer fir Schéinheet an Eleganz, fir Kraaft an Ausdauer. Et ass veréiert ginn a bluddeg geschënnt. Joerdausendelaang war et dem Mënsch seng Tempo-Maschinn. Expansiv Muechtpolitik huet et méiglech gemaach: D'Kavallerie war eng redoutabel Krichswaff. Am 19. Joerhonnert krut de Biddi Konkurrenz: D'Dampmaschinn gouf d'Päerd vun der Eisebunn, de Vëlo e Päerdche fir de klenge Mann. An den Automobil war op eemol déi omnipresent Kutsch ouni Päerd. Zënter d'Bauerewiese mechaniséiert gouf, ass d'Päerd just nach en héichgeziichtent Sportinstrument. De Mars Klein weist d'Päerd dans tous ses états: An der Mythologie, Literatur, Konscht, am Film, awer och bei der fréierer haarder Aarbecht, beim Sport a soss Zirkus - an als gepéngegt Kreatur am Krich.

Wann et een amerikanesche President gouf, dee mat Päerd ze dinn hat, dann den Theodore - genannt Teddy - Roosevelt (1858-1919). Als jonke Mann hat hien eng Ranch am Nord-Dakota mat Honnerte Ranner an Dosende Päerd. Wochelaang konnt hien am Suedel duerch déi wäit amerikanesch Landschaften op d'Juegd reiden. Am spuenesch-amerikanesche Krich 1898 op Kuba huet hien esouguer e Kavallerie-Regiment kommandéiert a gouf e gefeierte Krichsheld.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Erotik an engem Fiaker

    Eng vun de berühmtsten Zeenen aus der erotescher Literatur vum 19. Joerhonnert spillt an engem Fiaker, enger Päerdskutsch.

  • Flautereie mat wonnerleche Biddien

    De fatzege Flunkerer Barong Münchhausen an aner Geschichten

  • Déi véier apokalyptesch Reider ...

    ... um wäissen, rouden, schwaarzen a bleeche Päerd, Symboler vu Christus, vum Krich, Honger an Dout, zu Angers op der Loire op enger monumental Tapisserei ze gesinn.

  • D'Amazonen

    E Produit vun der griichescher Männer-Phantasie oder gouf et wierklech dat gefaarte Frae-Vollek, dat schlau, staark an ouni Angscht op séiere Päerd an de Krich gezunn ass?

  • E Bericht vun der Front

    Am Buch "Heeresbericht" vun 1930 verzielt den Edlef Köppen passionant autobiographesch Episoden, wéi mat de Päerd bei der däitscher Kavallerie ëmgaange gouf.

  • Am Krich

    Net nëmme Millioune Päerd goufen am Krich gebraucht a verbraucht, och Ieselen, Maulieselen, Hënn a Bréifdauwen. En trauregt Kapitel aus den Déieren hirer Geschicht.

  • Pegasus, Einhörner, e Buddha dee flitt

    Op de Bee séier wéi de Wand a monter wéi e Villchen an der Loft: D'Bild vum Pegasus, dem Päerd mat Flilleken, gouf et net nëmme bei de Griichen.

  • Bei de Griichen

    An der griichescher Mythologie haten och muench Päerd hir Plaz

  • Legendär Courssen a grousse Gaudi

    Eng vun de spektakuläerste Päerdscourssen ass de Palio zu Siena an der Toskana, déi zënter dem 13. Joerhonnert de 15. August organiséiert gëtt

  • E passionéierte Reider

    De Johann Wolfgang von Goethe war bei Wand a Wieder wäit Strecken um Päerd ënnerwee.

Programm

  • Papperlapop - Itasca

  • On air

    The Benny Brown Show

  • Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen