Sex Sells

Op der Aarbecht huet Sex näischt verluer. Dat gehéiert sech net. Op d'mannst op der Majoritéit vun den Aarbechtsplazen. Mee wat ass mat deenen Employeuren a Employéën, déi dofir bezuelt ginn, sech mat Sex auszekennen? Wéi pake si dës Aufgab un a wou léiere si, wéi een dat richteg mécht?

D'Anne Schaaf kuckt hannert d'Kulisse vun der alldeeglecher Aarbecht vu Sexologen, Therapeuten, Sexshop-Bedreiwer a Prostituéierten.

Sexualitéit ass e mënschlecht Grondbedierfnes. Trotzdem ass d'Thema Sex tëscht Mënsche mat Behënnerung nach ëmmer en Tabu-Thema. Virun allem och, well deels Ënnerstëtzung vu baussen néideg ka ginn. Dee Moment schwätzt ee vun der sougenannter Sexualassistenz, déi vum Beschafe vu Contraceptife bis zu physescher Hëllef ka goen, fir datt zwee Mënsche beispillsweis beienee geluecht kënne ginn. Dëst Thema gëtt grad am soziale Beräich nach ëmmer kontrovers diskutéiert an ass nach net iwwerall institutionaliséiert. D'Anne Schaaf lauschtert an den Debat zu Lëtzebuerg eran.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Panorama

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen