Sexy-Mini-Super-Flower-Pop-Op-Cola - alles ist in Afri-Cola

Mee '68 war och eng Revolutioun an der bildender Konscht. Plakater waren den neie Medium. D'Wourecht stoung nees op de Maueren an net an der Zeitung, sou hunn et op d'mannst d'Paräisser Studenten empfonnt. Et war e Moment, an deem Konscht nees eng direkt Verbindung zu deem hat, wat an der Strooss geschitt ass. Eng nei visuell Kultur huet sech entwéckelt, et gouf anescht geduecht an deemno och anescht illustréiert a gemoolt: poppeg a politesch zugläich. Mee d'Biller an d'Ikone vun '68 si ganz séier zu deem verkomm, wat se am meeschte kritiséiere wollten: zu Biller vun der Konsumgesellschaft.

Am Atelier vun de Beaux-Arts vu Paräis si während den 68er Onrouen eng 800 verschidde Plakater produzéiert ginn. Si gehéieren haut nach ëmmer zu de stäerkste Symboler vu Mee 68.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • D'Affichë vu Mee 68

    "Il est interdit d'interdire", konnt ee am Mee 68 op der Mauere vu Paräis liesen ...

  • Psychedelia an Undergroundkultur

    Vum Summer of Love bis zu den ufanks 70er koum, virun allem aus den USA a Groussbritannien, eng nei a virun allem populär Popesthetik mat hire Formen a Figuren.

  • De Look vun 68

    Gammler a Provo géint Spiessbürger

  • Biller vum Che

    De Portrait vum Che: eng Ikon vu Mee '68?

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen