Voix d'auteurs

Jean Portante

D'Bicheraktualitéit a Frankräich.
Honnerte Romaner kommen all Rentrée a Frankräich eraus. Honnerte vun anerer komme während dem Joer dobäi. D'Emissioun versicht an dëser Hellewull d'Pärelen erauszepicken an déi Stemmen virzestellen, déi zielen.
Eng Emission vum Jean Portante.

D'Jeanne Benameur schwätzt vun hirem leschte Roman "Ceux qui partent", deen eng Nuecht op Ellis Island beschreift am Joer 1910. Do kräize sech, éier si zu New York Fouss faassen däerfen, d'Schicksaler vun zwee Italiener, e Papp a seng Duechter, mat aneren Awanderer, eng Fra aus Armenien, déi virun de Massaker fortgelaf ass, een Zigeiner, dee Gei spillt, an e Fotograf, dee schonn zu New York wunnt an déi nei Awanderer fotographéiere wëllt. De ganze Roman ass wéi eng Foto vun dëser éischter Nuecht am Niemandsland vun Ellis Island. Zu gläicher Zäit ass et ee Plädoyer fir all Migrant a géint all Intoleranz.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen