KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Mount

Christoph Willibald von Gluck (1714 – 1787)

“Gluck-lich speisen” ass déi lescht Manifestatioun fir d’Gluck-Joer 2014 an der bayerescher Stiedchen Berching. Hei koum virun 300 Joer, den 2. Juli 1714, de Christoph Willibald Gluck op d’Welt. De 15. November, wann d’Festivitéiten op en Enn ginn, wäert Berching nees a säin Dornréische-Schlof verfalen. Vläicht kann dem Gluck seng Musek dës Kéier esou engem Schicksal entwëschen. Den Operereformer an Theoretiker Gluck kennen der vill, den Dramatiker Gluck vill manner.

Eng Emissioun vum Guy Engels.

(Rediff. um 19:20)





 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen