Concert Euroradio

Guy Engels Remy Franck Manuel Ribeiro Luc Boentges

E Concert mat klassescher Musek, enregistréiert vun engem Radio-Partner aus der Union Européenne de Radio-Télévision (UER).

Concert Euroradio: Oper

Um Programm an der Serie Euroradio Oper, d’Oper Alceste op franséisch, vum Christoph Willibald Gluck. E Live-Matschnëtt vum 12ten November 2012 aus der Wiener Staatsoper, opgeholl vum éisträichesche Radio.

Alceste ass eng Oper an 3 Akte vum C.W. Gluck, no engem Libretto vum Ranieri de ‘Calzabigi, uropgefouert 1767 zu Wien. Eng Versioun a franséischer Sprooch gouf erstallt, an 10 Joer méi spéit zu Paräis uropgefouert.

Freiburger Barockorchester

Gustav Mahler Chor

Ivor Bolton, Dirigent

Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

(Rediff. donneschdes, 20:00)

 

15:59 Meteo

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen