Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Café Scientifique

Den Dr. Andreas Michels vun der Uni Lëtzebuerg ënnersicht mat senger Fuerschungsgrupp magnéitesch Materialien. Wéi gesäit d'Struktur vu sou Materialien genau aus, a wéi en Afloss hunn Defekter an der Struktur op hir magnéitesch Eegeschaften, dat si Froen, déi hien ze beäntwere versicht. Am Café scientifique huet de Claude Wangen sech mam Dr Michels iwwer seng Aarbecht ënnerhal. (Rediff. um 19:10)



 




 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen