KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Mount

Christoph Willibald von Gluck (1714 – 1787)

“Bella gerant alii, tu felix Austria nube  – Looss anerer Krich féieren, du,  glécklecht Éisträich bestieds dech” – dat war Devise vun den Habsburger.  1770 gouf se nees emol an d’Realitéit ëmgesat: d’Erzherzogin Marie-Antoinette gëtt d’Fra vum spéideren franséische Kinnik Louis XVI. D’Marie-Antoinette war eng grouss Bewonnerin vum Christoph Willibald Gluck. Si hat en an hire Wiener Entourage geholl an engagéiert en 1774 op Paräis. Do geréit de Christoph Willibald Gluck matten an d’Guerre des Bouffons. Eng Emissioun vum Guy Engels.

(Rediff. um 19:20)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen