Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Café Scientifique

Intelligent Miessgeräter, sougenannte Smart Meters, ginn ëmmer méi aktuell a sollen iwwert déi nächst Joren als Standard a Privathaiser installéiert ginn. Hiren Asaz bleift allerdéngs kontroverséiert: fir déi eng ass et e Moyen fir eng méi efficace Gestioun vun Energieressourcen, fir déi aner steet e Big Brother derhannert. Nieft dëser méi philosophescher Diskussioun stelle sech awer och nach eng Rëtsch méi technesch Froen: Wéi ass et mat der Datesécherheet? Wéi geet e mat deem immense Koup Donnéeën ëm, déi entstinn, wa quasi en continu de Stroumverbrauch vun all Haus gemooss gëtt?
Op der Universitéit Lëtzebuerg befaasst sech e Fuerschungsgrupp vum SnT, dem Centre interdisciplinaire pour la sécurité, la fiabilité et la confiance mat dëse Froen. De Claude Wangen huet sech mat hinnen ënnerhal.

(Rediff. um 19:10)

 




 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen