KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Mount

Joseph Haydn (1732-1809)

Rohrau ass eng kleng Stiedche mat ronn 1500 Awunner. Si läit an Nidderéisteräich , un der tschechescher an der slowakescher Grenz. D’Gemengenhaus ass um Joseph-Haydn-Platz. Direkt virdru steet ee Monument, dat un de Komponist erënnert, an net wäit ewech ass dem Joseph Haydn säin Elterenhaus. Aus där bescheidener Bauerenhäip, an där den Haydn  1732 op d’Welt koum, ass an Tëschenzäit e Musée ginn. Et war e klengt Universum, an dat de Komponist eragebuer gi war. Ausser der Gewan an nach e puer Dierfer ronderëm huet deen talentéierten a montere Bouf näischt kannt. Wien, d’Häerz vun der Habsbugrer-Monarchie, war zwar nëmme 50 Kilometer ewech, an awer war et fir den Haydn eng friem Welt, an déi e mat 17 Joer erakatapultéiert gouf. Dee fläissegen an intelligente  jonke Museker schafft sech berufflech erop a klëmmt och lues a lues an der sozialer Hierarchie. De Guy Engels begleet eise  Komponist vum Mount op sengen éischte Schrëtt am Milieu vun der éisträichescher Aristokratie, 30 Joer virun der franséischer Revolutioun.

(Rediff. um 19:20)





 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen