KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Mount

Joseph Haydn (1732-1809)

Den 1. Mee 1761 ënnerschreift de Joseph Haydn säin éischte Kontrakt mam Fürst Paul II. vun Esterhazy. E gëtt als Vize-Kapellmeeschter engagéiert am Rang vun engem Hausoffizéier mat Livrée. Säi Chef war dee scho kränklechen Joseph Gregor Werner, dee 1766 stierft. De Joseph Haydn huet als Komponist an Dirigent missen fir déi sëlleche Feierlechkeeten an den dräi Residenzen vun der Fürste-Famill suergen, wat ëm och gutt geroden ass, wéi den Haydn sech selwer erënnert: "Mein Fürst war mit allen meinen Arbeiten zufrieden, ich erhielt Beyfall”. De Guy Engels huet eisem Komponist vum Mount am Déngscht vun der Famill Esterhazy iwwert d’Schëller gekuckt.

(Rediff. um 19:20)





 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen