ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Den Zäithistoriker

Vu "Bio-Luxemburgern" an "Eingeborenen"

Wéi villes ass d'Sprooch, déi mir gebrauchen, historesch gewuess a weist op Denkkategorien hin, déi mer geierft hunn. Wann en däitsche Bundespräsident vu "Bio-Luxemburgern" an "Eingeborenen" am Zesummenhang mat der Migratiounsgesellschaft Lëtzebuerg schwätzt, sou weist dat op d'Schwieregkeeten hin, mat problemateschen, historeschen Traditiounen ze briechen. Dozou den Denis Scuto an der Rubrik "Den Zäithistoriker".

(Rediff. um 19:20)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen