KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Mount

Joseph Haydn (1732-1809)

De Joseph Haydn ass am spéiden 18. Joerhonnert den Doyen vun den europäesche Komponisten. Vill jonk Museker kucke mat Bewonnerung a Respekt op dee Mann, deen eréischt am Alter vu 60 Joer eng international Carrière mécht.

Obschonns de Joseph Haydn 1775 mat “Il ritorno di Tobia” schonn een Oratorium geschriwwen hat, koum en eréischt bei sengem éischte London-Openthalt 1791 op de Goût, sech intensiv mam Genre ze beschäftegen. Ausléiser waren d’Händel-Festpiller, déi den Haydn schwéier beandrockt hunn. „Oh Gott, wie viel ist noch zu tun in dieser herrlichen Kunst!“, schreift en Enn der 1790er Joren an engem Bréif. Den Haydn hëllt sech selwer beim Wuert a komponéiert nach emol zwee Meeschterwierker: “Die Schöpfung” an “Die Jahreszeiten”. De Guy Engels mat der Schlussarie am Liewe vun eisem Komponist vum Mount. (Rediff. um 19:20)





 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen