KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Mount

Joseph Haydn (1732-1809)

De Joseph Haydn ass am spéiden 18. Joerhonnert den Doyen vun den europäesche Komponisten. Vill jonk Museker kucke mat Bewonnerung a Respekt op dee Mann, deen eréischt am Alter vu 60 Joer eng international Carrière mécht.

“Hoboken ist Haydns Köchel”, sot deen éisträichesche Musekswëssenschaftler an Archivdirekter vun der “Gesellschaft der Musikfreunde” zu Wien, den Otto Biba. Et war eng Herkules-Aufgab, déi säin hollännesche Beruffskolleg Anthony van Hoboken geleescht huet – ee systemateschen Katalog vum Joseph Haydn sengem Gesamtwierk opzestellen. De Guy Engels stellt eis deen akribesche Fuerscher vir.

(Rediff. um 19:20)





 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen