KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Komponist vum Mount

Wien am Joer 1874: Zanter 26 Joer ass de Franz-Joseph Keeser vun Éisträich-Ungarn – e Konstrukt, dat vun 1867 u strukturell als Duebel-Monarchie fonctionnéiert. D’Häerz vum Habsburger-Imperium schléit zu Wien, déi Zäit eng Weltmetropol, eng multikulturell a multi-ethnesch Stad, déi d’Spigelbild vum Vielvölkerstaat ass. An dëser wibbeleger Stad tëscht Konservatismus an der Avantgarde kënnt – ee Joer no der Weltausstellung – den 13. September 1874 den Arnold Schönberg op d’Welt, ee Protagonist vun engem radikale Wandel an der Musek. Duerfir huet den Arnold Schönberg awer fir d’éischt missen déi spéitromantesch Traditioun iwwerwannen, an déi en eragebuer gouf.

Eng Emissioun vum Guy Engels.

(Rediff. um 19:20)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen