Concert Euroradio

Guy Engels Remy Franck Manuel Ribeiro Luc Boentges

E Concert mat klassescher Musek, enregistréiert vun engem Radio-Partner aus der Union Européenne de Radio-Télévision (UER).

Concert Euroradio: Oper

E Live-Matschnëtt aus der Lyric Opera vu Chicago de 6. Dezember 2011.
Um Programm: Zauberflöte vum Wolfgang Amadeus Mozart.
Dëst Wierk zielt zu de weltwäit bekanntesten am meescht inszenéierten Operen. D’Arien, wéi zum Beispill “Der Vogelfänger bin ich ja”, oder déi vun der Königin der Nacht “Der Hölle Rache kocht in meinem Herzen” si jidderengem vertraut.
D’Interpreten sinn:
Nicole Cabell (Pamina); Charles Castronovo (Tamino); Stéphane Degout (Papageno); Audrey Luna (Queen of the Night); Günther Groissböck (Sarastro); Richard Stilwell (Speaker); Rodell Rosel (Monostatos); Elisabeth Meister (First Lady); Anna Stephan, Benjamin Hoppe, Nicole Horio.
Lyric Opera Chorus & Orchestra. Direktioun Sir Andrew Davis.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

(Rediff. vun dënschdes, 14:00)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen