De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach
World

World
D'Cynthia Hornick start haut an Ethiopien, iwerquert de Kontinent a Richtung Weste bis an de Mali, mécht eng kuerz Etapp beim Flamenco a lauschtert an déi métisséiert Kläng vun enger Generatioun vun Inder eran, déi an England grouss ginn ass a sech mat dueblen Originnen ausernee setzt.
(Rediff. freides um 21:00)
15:59 Meteo
Rezent Emissiounen
-
Vun Afrika bis an d'Karibik an zréck
Statiounen a Ghana, Mozambique, Simbabwe, Senegal, Kamerun, Jamaika, Haiti, Puerto Rico a Kolumbien ... ier et erëm zréck an de Mozambique geet.
-
Japan
Eng musikalesch Rees mat 6852 Inselen
-
Atlântico & World an der Philharmonie
E Bléck op d'Saison 2017/2018 mat lusophon, arabesch an afrikanesch Musek
-
Auf keltischen Spuren
Eng musikalesch Rees vu Gallizien bis erop op déi britesch Insel
-
Arabian Groove
An der jonker arabescher Musekzeen bougéiert et, bei villen Interpreten komme sech Orient an Occident dobäi ganz no - net onëmstridden ...
-
Afrikanesch Heldinnen
Staark Fraen, staark Stëmmen, stark Kompositiounen ... alles vum afrikanesche Kontinent
-
Musikalesch Tapas
Nei Produktiounen aus de spuenesche Regiounen mat engem Ofstiecher bis an de Chile
-
Mëttel- a Südamerika an Nouten
Eng musikalesch Rees vu Kolumbien iwwer Panama a Venezuela bis Peru.
-
Folk From Finnland
Nei Produktiounen aus Finnland, wou Traditioun mat Modernem zesummefléisst.
-
Ozeane
Lidder iwwert d'Mier an d'Waasser, déi Länner trennen ... awer och e Wee bidden, fir bei deen Aneren ze reesen.
-
Cabo Verde
Musek vun den Inselen aus dem Atlantik, mat groussen Nimm a Vertrieder vun der neier Generatioun.
-
Griicheland an d'Tierkei
Zwee Nopeschlänner, zwou Kulturen ... an dacks Bezéiungen, déi (politesch) net déi allerbescht sinn. Mir vereenen déi zwee Noperen haut musikalesch.
-
Anouar Brahem special
Den tunesesche Komponist a Museker a Wierder an Nouten: seng Wierker, Aflëss an Inspiratiounen, begleet vun Extraiten aus senger Diskographie.
-
World lusophon
Eng Stonn Musek aus dem portugiseschsproochege Raum
-
Pura Vida - Eng Rees queesch duerch Costa Rica
Costa Rica begeeschtert duerch seng Diversitéit. Nieft der diverser Flora a Fauna fënnt een hei och ganz vill verschidde Museksgenren.
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen